Et solle Leit ginn, déi mengen WikiLeaks wieren déi Béis. WikiLeaks wiere Mënscheliewen egal, a WikiLeaks misst gestoppt ginn. Esou Leit sinn entweder einfach nëmmen ignorant, oder si hunn d’Fakten net all. De schwedesche Sender SVT2 huet een Documentaire iwwer WikiLeaks a seng Missioun gedréit a gëschter Owend ausgestrahlt, deen eng schéin Iwwersiicht gëtt iwwer dat wat se an de leschte Joeren geleescht hunn: si hunn Island gerett wéi Kaupþing kollabéiert ass, si hunn opgedeckt wéi d’US Militär Reuters Journalisten op brutaalst Art a Weis ëmbruecht hunn, si hunn opgedeckt wéi d’US Militär Kanner am Irak erschéisst, si hunn Korruptioun a Kenia opgedeckt, si hunn opgedeckt wéi eng multi-national Firma toxesche Knascht an d’Elfenbeinküst gedumpt hunn, an an an.
Ech kéint elo soen, Leit mat schwaache Nerven sollten sech et net ukucken. Well éierlech gesot erfëllt et ee net nëmmen mat Ekel déi wahnsinneg Brutalitéit an déi Korruptioun ze gesinn, et bréngt een och un d’Kräischen. Zemools de Video an deem d’Zaldoten driwwer laachen, dass se op kleng Kanner um Wee an d’Schoul schéissen, hunn ech schon deemools ofstoussend fonnt wéi en online gestallt gouf (an dat war och déi éischte Kéier, wou ech WikiLeaks Geld gespend hunn).
Et mécht mech onvirstellbar rosen, wann ech d’Hilary Clinton gesinn do stoen verlaangen, dass den Assange misst ugeklot ginn, well de wierklechen Terrorist op dëser Welt ass Amerika. WikiLeaks huet an de leschten dräi Joer méi opgedeckt, wéi sämtlech aner Medien op der Welt zesummen jeemools opgedeckt hunn. An dat mécht dem Status Quo verdammt vill Angscht — genau dowéinst probéieren se d’Säit an den Assange als Béisen dohinner ze stellen, net well en tatsächlech béis wier an si eis wéilte virun him schützen (wéi wann de Status Quo jeemools wéilt eppes aneschters schützen ewéi sech selwer!) Mä si hu längst verluer: alleguerten déi Informatioune verschwannen ni méi, esouguer wann se den Assange sollte festgeholl kréien. An dat eleng dierft verdammt schwéier ginn, well et gëtt kee Gesetz an den USA dat et der Regierung géing erlaben den Assange wéinst dem “Cablegate” unzekloen.
Kucke kann een d’Sendung (gréisstendeels op englesch an deelweis mat engleschen Ënnertitelen) beim Georges um Blog. Et ass dowäert!
Woubei ech muss soen ech fannen dass grad Wikileaks weist dass Amerika sou ass wei all aner Land och, an et ganz fill ganz anstänneg Leit do gett, et dierf een net vergiessen dass di allermeescht wann net all informatiounen fun wikileaks emmer fun Insider stammen dei ganz bewosst Material un Wikileaks weiderginn. Insoufern kann een dat ganzt menger Meenung no och net wierklech mat Medien vergleichen well et hei net em Oplaag an Quoten geet.
Mier breichten sou eppes fier Europa+Noperen, ech well net wessen weifill vertuschten oder hallef vertuschten Geschichten et iwert casques bleus gett bspw, oder iwert corruptioun (siehe cablegate Russland gett fun der Mafia regeiert) etc etc etc
Obwuel et Problemer mam Espionage Act ginn, seet deen “the unauthorized possession and dissemination of information related to national defense is illegal.” (New York Times) En vun de Problemer ass dass den Ugeklooten an deem Fall och d’Doudesstroof kéinnt kréien, wat ech net giff gudd fannen, mee de Faite dass een se kéinnt kréien, schléisst aus dass d’EU hien an deem Fall giff un d’USA ausliwweren. D’EU liwwert keng Persoun aus wann déi an deem aaneren Land kéinnt d’Doudesstrof kréien. :/
Wéi ech dir schons gesoot haat, wann Wikileaks esou Saachen opdeckt wéi Journalisten per Helikopter z’erschéissen etc., ass dat gudd. Dat war e Krichsverbriechen an dat soll jiddereen wëssen. “Cablegate” geet awer vill méi wäit, och wann de Spiegel sech op d’„Spetznimm” vun den Politiker konzentréiert huet, an dofir ass “cablegate” net gudd, an et ass jo och erréicht zenter de läschte Publikatiounen wou et eng grouss Oprou an den USA gett, virdrun war déi vereenzelt — an net berechtegt.
Mee wéi d’Council on Foreign Relations schons geschriwwen huet, hunn Léit/Politiker am Noen Osten Entrevue’en mat Amerikaner ofgesoot. Elo kanns de soen, jo ass jo ‘nemmen’ Amerika, mee d’USA si jo momentan dat eenzegt Land déi probéieren irgendwéi d’Saach an däer Géigend roueg zehaalen. D’EU kéinnt eng vill méi grouss Roll do spillen, mee dat ass wuel e wéideren Problem vun enger “Gemeinschaft”, engem Grupp vu Länner déi e puer gemeinsam Zieler huet.
A mengt een elo dass den Iran mat séngem nukleare Programm ophällt, well aaner arabesch Staaten se soss ugräifen? Oder dass arabesch Staaten iwwerhaapt elo nach esou Informatiounen un irgendeen Land (egal op USA oder soss eent) erausginn? Ech well net an eng realistesch/neo-realistesch Laag hei faalen, mee jiddefalls dierft déi aktuell Situatioun engem Morgenthau “gefaalen.”
Oh… vergiess. Sorry. :/
An wéi den Stefan Wolff (“International Security” Professor bei eis op der Uni, deen ech d’nächst Semester wäert an deem Fach hunn. Juhu. :)) seet:
“et gëtt kee Gesetz an den USA dat et der Regierung géing erlaben den Assange wéinst dem “Cablegate” unzekloen.”
Dofir net, mee dann ennerstelle mer him eben eng aner Stofdot, an bezuelen och nach en anert Land dofir dass daat een Haftbefehl dofir ausschreift (Schweden lässt grüssen). Sou oder sou kreien se deen aus dem Wee geraumt wann se wirklech weilten. Et ass genee wei dei Geschicht dass se den Bin Laden einfach net geiffen kreien. Mat sie wessen ganz genau wou en ass, just brauchen se heen soss kennen sie dach keen Terror mei ausüben wann se keen mei hun.
An wei den Georges schon sot dass den Noam Chomsky daat schon no 09-11 sot. Ech gleewen net un d’Amerikaner, och wann se ons “virun den Nazien gerett hun” wei een aale Mann engkeier zu mir sot.
Pingback: BBC Documentaire: Wikileaks an Julian Assange ennert d’Lupp geholl « Oppenen Bréif