Ech kenne just eng Szen aus “The Naked Gun”

… aus The Naked Gun 2½: The Smell of Fear, fir genau ze sinn. Et ass déi Zeen an där de Frank a leschter Sekonn iwwert de Kabel vun der Bomm trëllt an se domatter entschäerft. De Leslie Nielsen, deen de Frank gespillt huet, ass, ewéi mëttlerweil jiddwereen dierft matkritt hunn, virun enger Woch gestuerwen. Fir éierlech ze sinn ass mir dat komplett egal. Ech war ni ee Fan vun him oder senge Filmer, an ëmmerhin krut en akzeptabelen Alter, deen a ville Regiounen vun der Welt als utopesch gëllt. De Grond aus deem ech ergraff war wéi ech vu sengem Doud gelies hunn war ee ganz Aneren.
Wéi ech nach e Kand war, si mir all Joer, ewéi een dat als gudde Lëtzebuerger mécht, op d’belsch Plage gefuer. Op Middelkerke fir genau ze sinn. Middelkerke ass, fir lëtzebuergesch Verhältnisser, ee gréissert Duerf a Westflandern. Wikipedia seet haut géingen do ronn 17000 Leit wunnen, dat war an den 1990er wahrscheinlech eng ganz ähnlech Ziffer. Et läit op der Kusttram Streck, westlech vun Oostende — wat wahrscheinlech méi Lieser ee Begrëff ass. Et gëtt ee Casino an ee Comicgeschäft. An dem Comicgeschäft hunn ech mer eng Dosen Lucky Luke Hefter kaf, déi ech op der Plage gelies hunn. Deemools huet de Lucky nach dierfte fëmmen. Haut huet en ee Grashällemchen. Et goufen natierlech och eng Rëtsch Restauranten. Et gouf een mat enger Venusstatu, deen iergendwann renovéiert gouf an déi cool separat Dëscher op de Säiten erausgeholl goufen. An deem Restaurant goufen et virun allem gutt Paangecher. A Paangecher, dat war mäi léifsten Iessen als Kand. Am Laf vun de Joeren si mer zemools beim Willy Stammclient ginn. Ech weess net méi wéi de Restaurant geheescht huet (an ech hunn elo zwou Stonne laang ouni Erfolleg den Internet duerchkämmt), mä un de Willy erënneren ech mech nach gutt. De Willy huet eis kannt, an mir kruten och emol eppes op d’Haus. Et war ëmmer ee liicht traurege Moment, wann mer vir d’lescht fir dat jeweilegt Joer do waren. Well de Willy sech ëm seng Clienten gekëmmert huet. En ass mat enger Geschwindegkeet duerch de Restaurant gedüst déi absurd war. An eemol, wéi en eigentlech hätt sollten am Bett leien well en eng schlëmm Gripp hat, huet en sech mat Medikamenter vollgestach an ass trotzdem ronderëm gelaf. Well hien huet de Buttek net nëmmen um Lafe gehalen, hie war och d’Häerz a Séil vun där Plaz. Ech mengen, ech hunn do meng éischte Mulle giess. Ech hunn mech an de Joeren, an deenen mir net méi dohinner an d’Vakanz goungen, oft gefrot wat aus dem Willy ginn ass.
Et goufen och eng ganz Rei Appartementshaiser. A muench Summeren (vläit och all Summer, esou genau kann ech mech net erënneren), gouf eng riseg Leinwand op der Plage opgeriicht, op där no Sonnenënnergang Filmer gewise goufen. Vun eisem Balkon hat een eng gudd Vue op d’Leinwand, an een Owend gouf Naked Gun 2½ gewisen. Dat war déi éischte Kéier, wou ech ee vun deene Filmer gesinn hunn. De Leslie Nielsen war mir deemools och nach guer kee Begrëff. Et waren wéi gesot d’1990er, an ech hat nach net all ze vill vun der Welt gesinn. Déi Zeen wou hien iwwert d’Bomm stolpert ass hänkebliwwen, well ech se schon als Kand topeg fonnt hunn (haut géing ech soen deus ex machina, mä déi Expressioun hunn ech dunn natierlech nach net kannt).
Déi Vakanzen op der belscher Plage gehéieren zu menge schéinsten Erënnerungen déi ech aus menger Kandheet hunn. Si sinn meeschtens simpel – mat engem Vëlo iwwer d’Esplanade fueren, beim Willy Mullen iessen, eng Tina Turner CD kafen (jo, d’Tina Turner hunn ech cool fonnt). Ech ka mech och drun erënneren, wéi ech eng Plack vun Take That gesinn hunn. Ech hat keng Ahnung wien dat wier, an krut vu menger Mamm erklärt wat eng Boyband ass. Ech hunn d’CD nees zeréck an d’Regal gestallt. Heiansdo wënschen ech mer, ech kéint erëm dohinner zeréck. Net einfach nëmmen op déi Plaz, mä an déi Welt. An esou Momenter wéi dem Doud vum Leslie Nielsen, wat esou eng ganz Ketten vun Erënnerungen lass trëtt, ass dee Wonsch besonnesch grouss. Ech si glécklech haut, mä där Onschold vun deemools wäert ech mäi Liewen laang notraueren. An dir kënnt iech guer net virstellen ewéi dankbar ech mengen Elteren sinn, dass ech mech no esou enger Welt ka sehnen, well net jiddwereen huet déi Chance.
Dat Heiten ass wuel sou vill ee Stéck nonfiktivt Schreiwen wéi et ee Merci ass u meng Elteren. Ech kéint dat hei och elo alles läschen, an et hinnen einfach mailen oder um Skype soen. Mä jiddwereen soll wëssen wéi wonnerbar si sinn. Ech hu mech bei deene leschte puer Folgen vu Smallville an deenen de Clark endlech lues a lues zum Superman gëtt oft drun erënnert, wéi de Superman ee vu menge Kandheetshelden war. Wann ech haut esou driwwer nodenken, sinn et vill méi den Jonathan an d’Martha Kent, déi d’Helden an der Geschicht sinn. D’Welt mat Superkräfte beschützen ass einfach. Engem eng glécklech Kandheet schenken ass de wierklech bewonnerenswäerten Akt.

Published on

in

Comments

  1. Oh jo, di gudd aal belsch Küst. Huet net jhiddereen iergendwéi Kandheetserënnerungen dodrun? Wat sin ech sou gäre mat deem Tram gefuer! Vläit hätt ech duerwéngst och gär een zu Lëtzebuerg? Einfach sëch dra setzen an d’Küstelandschaft oder d’Dünen laanscht rulle loossen. Djëft, wat kréien ech lo rem Loscht op d’Belsch Küst.

  2. Mir si meng ganz Kandheet, bis dass ech 13 war, all Joer opmannst ee Mol op Middelkerke gefuer. Ech kennen dat Comicgeschäft. An ech hunn “The Perfect Storm” op der Plage gesi gehat.

    What are the odds?

  3. :O D’Welt ass wierklech verdammt kleng! Cool!

  4. *like*
    *like*
    *like*

  5. Merci. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *