D’Pianocktail Lieser wëssen et schon: ee Grupp jonk inspiréiert Leit hunn ee Film iwwer de Lëtzebuergesche Patriotismus gedréit, Ons Identitéit – Mir hunn se fonnt. Meng Erwaardungen un dëse Film waren, wann ech éierlech sinn, minimal bis net existent. Den Trailer hat mech net wierklech ëmgerappt, an esou hunn ech mech ouni jeeglech Virfreed un de Film gewot.
Fir ewech: ech gouf positiv iwwerrascht. Vläit ass Meeschterwierk iwwerdriwwen, mä ech neige bekanntlech oft zum Iwwerdreiwen, dofir benotzen ech dat Wuert elo trotzdem. Geschriwwe vum Jacques Schiltz a Lars Schmitz ass Ons Identitéit eng wonnerbar Parodie iwwer Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger, an alles wat an dee Stereotyp erafällt. D’Léift zum Detail ass immens, sierf dat d’Hakekräiz mat de lëtzebuergesche Fändelen, oder d’Etiketten op de Fläschen vum “Lëtzebeier”, oder och nach eng Kopie vum “Lëtzebuerger Wuert”, genausou wéi d’Biergpriedegt vum frustréierte Muselina (Katharina Bintz) an d’Braveheart Szen mam Cafésbesëtzer (
Emil Wirtsen Luc Lamesch). D’Geschicht ass ganz offensichtlech inspiréiert vun der Oprou déi d’Land duerchfuer huet ewéi Diekirch sollt an d’Ausland verlagert ginn, an déi Art a Weis ewéi de Film déi Thematik mat intelligentem Witz ugeet ass herrlech.
Emil Wirtsen Luc Lamesch) souwéi d’Noriichtespriecherinnen an der bombastescher RTL Parodie (Anna Katina a Xenia Katina).
Leave a Reply