Ech war bekanntlech e Mëttwoch op de Concert vum Christian Kane zu Shoreditch. Anerhallew Stonn stoung ech als 26. an der Schlang bis d’Dieren um 18.45 opgoungen – ufänke sollt d’Virgrupp um 20. Esou fréi do gewiercht ze sinn huet sech gelount. Et gouf keng Bühn – Bühn war do, wou de Mikro stoung. Ech stoung praktesch direkt virum Christian Kane, op Aanhéicht. Leit hannen am Sall waren ugepisst, dass se sou wäit hannenstoungen an net vill gesinn hunn, mä ech war schon den Dag virdrunner an de McQueen fir mer d’Plaz unzekucken, an ech stoung och ee gudd Stéck méi laang an der Schlaang. Vun dohier hunn ech guer kee Grond gesinn, déi Leit op iergendeng Manéier ze bedaueren. Soit.
De Concert war absolut genial. Bei all eenzelnem Lidd huet d’ganzt Publikum matgesongen. De Kane a Carlson hunn Jack Daniels Shots mat Leit gedronk tëscht Lidder. Et goufen lëschteg Geschichten vum Angel a vum Leverage Set, an en huet esouguer dat Lidd gesongen, dat en an der drëtter Staffel Leverage gesongen huet: Thinking of You (genau déi Szen ass d’Bild am läschte Post).
Hei ass déi aktuell Single House Rules – fir d’éischte Kéier, wou se d’Lidd acoustic gespillt hunn.
An d’Lidd aus Leverage, Thinking of You:
Leave a Reply