Skip to content

Gebuertsdag

Haut huet net nemmen de Joël eng Käerz méi auszeblosen, mä och dëse Blog feiert Gebuertsdag, de Fënneften. Wéi ech mat Bloggen ugefaangen hunn, sollt dat heiten ee gemeinsame Projet mam Serge ginn, mä opgrond kreativer Differenzen (wat, dat ginn ech zou, vu menger Säit ausgoung) huet dat net laang gedauert. Mëttlerweil deelt en sech dofir mam Leti e Blog. Et ass vill geschidd zanterhier, 2005 hunn ech nach mam Gloda a mam Franck zesummen d’Bänk op der Uni Lëtzebuerg gedréckt – deen Éischten huet zanterhier vill wonnerbar Fotoen op sengem Blog veröffentlecht, deen Zweeten interviewt a Kalifornien een Hollywoodstar nom aneren. An ech sinn no véier Joer a Wales op London geplënnert a bereeden am Moment alles vir fir an e puer Wochen eng Firma ze grënnen. Bis op d’Joer 2008, dat emotional wuel déi gréissten Achterbunnfahrt war déi ech bis elo a mengem Liewen hat a wou ech méi Feeler gemaach hunn ewéi ech kéinnt opzielen, ass dëse Blog wuel eng zimlech ausgiebeg Dokumentatioun vun där Persoun, déi ech zanter dem Enn vum Lycée gi sinn. Duerch dëse Blog hunn ech net nëmmen – direkt oder indirekt – wonnerbar Leit am RL kennegeléiert, wéi, ënnert anerem, de Joël A., de Georges, d’Leti, d’Grinsekatze an de Madhatter, de Benem an de Joël S., ech hunn och – dank dem Joël A. – ugefaangen e Roman ze schreiwen (fir déi, déi et intresséiert, et feelen nach ongeféier 40’000 Wierder – dat si ronn 80 getippten DIN A4 Säiten).
Well ee komplette Réckbléck awer vill ze laang géing ginn, wëll ech op dëser Plaz just Merci soen fir déi iwwer 4’100 Kommentaren, fir d’Flattren an d’Stäre klicken, Merci och de stëlle Lieser a ganz besonnesch Merci deene vun iech, déi dem Blog zanter sengen Ufanksdeeg trei bliwwe sinn. Op déi nächst fënnef Joer!

11 thoughts on “Gebuertsdag”

  1. Prost!
    Woubei et mengen ech manner kreativ Differenzen woren mais eischter meng iwwerdriwen Euphorie mat där ech op all Post fun Dier geentwert hun, an dat a Form fun engem Blogpost anstatt a Form fun engem Kommentar, wat verständlecherweis nervt. (oder bedreiwen ech Geschichtsverdreiung ?)
    Mais Feeler sin jo bekanntlecherweis do fier draus ze leieren.
    Wat den Thierry an senger Modestie net erwähnt ass dass eben deen Blog op deem ech lo aktiv sin och fun him gehost an geupdate gett, een decken Merci dofier och mol eng Keier öffentlech.
    Freen mech op die next 5 Joer

  2. Jo, Thierry, du verdéngs och en Dank wéinst de Grënn déi de Serge opgezielt huet.
    An jo du hues mech lo och virwëtzeg mat där Firma do gema an du mëss ët bestëmmt rëm express… OK, op alle Fall froen ech dech alt direkt ob ech eng Aarbechtsplaz bei dir kréien falls dat bei mir null géing klappen mat menge Pläng vu Stardom hannert der Kamera, ha! Mir kucken dann an de nächste 5 Joer wéi mer eis all sou maachen an dëser winzeger Welt. Ech hoffe däi Blog wärt bis dohin nach weiderhi bestoen. Happy Birthday, SadAutumn.

  3. Eenegen mer eis drop, dass mer einfach net gemaach sinn fir zesummen ze bloggen. Ey, mir hunn Joeren gebraucht fir eng Idee fir Setuch ze hunn, an um Enn hu mer guer näischt domatter gemaach, mä just ee Blog drop geklaakt. A wann s du an d’Leti do net géings bloggen, géing déi Domain just virtuell verstëpsen. :)

    Ech bloggen hei iwwer d’Firma. Naja, nach net allzevill am Moment. Mä dat dierft sech an de nächste Wochen awer änneren. Ass nach alles ganz fréi, ech plapperen léiwer nach net zevill öffentlech eraus. Et ass en Deel vu MACE (MA Creative Economy), mir mussen eng llc (limited liability company) grënnen, an mir mussen d’Firma um Enn vum Joer och opléisen (well eisen ofschléissende Business Report als Assignment zielt). Mir kënnen se dann zwar onofhängeg vum Cours frësch opsetzen a weiderféieren, mä dat hänkt dann natirlech dovunner of wéi als wéi profitabel se sech erwisen huet a wéi déi aner Leit am Grupp dozou stinn.

  4. Ech fannen ons Idee haut nach super, ech wees awer mat Hindsight dass ech sou eppes nemmen mettels filler Arschtretter hikreien giff :).
    An entweder ech sin blann oder do steet wierklech nach net allzefill iwert d’Firma ^^ mais ech sin einfach mol gespaannt an waarden oof wat kennt.

  5. Happy birthday, ech liesen däi Blog gär a regelméisseg. Si gespaant wéi et weidergeet. Zumools och mat der Firma, alles Gudds op alle Fall :)

  6. Freck, lo fillen ech mech awer bessen geéiert dass ech hei erwähnt gin ;)
    5 Joër, daat as schon eng Zaitchen, an och nët. Wat een méi aal gëtt, wat d’Joëren méi séier emgin, hun ech perséinlech d’Gefill. Sadautumn huet ëmmer an gehéiert nach ëmmer fir mëch, och wann et alt Pausen goufen, zu den ‘Blogs Phares’ vun der lëtzebuergescher Blogosphär gehéiert. Ech hun an der läscht insgesamt relativ wéineg Zait kritt fir Blogs ze liesen, mee schéin ze gesin dass se awer nach all “do” sin ;) Maach weider sou an vill Erfolleg mat der Firma, waert den Projet och mol interesséiert suivéieren!

  7. Ech fannen, dass zumols déi läscht 5 Joer awer schon zimlech laang waren. Mäi Liewen huet sech wierklech radikal geännert, a wann ech fréi Texter hei liesen, ass dat deelweis schon ewéi wann een “aneren” dat geschriwwen hätt. Mä anerersäits stëmmt et natirlech schon, dass et sech muenchmol ufillt ewéi wann ech eréischt gëschter mäi Premièresdiplom kritt hätt.

    Oh, Merci fir d’Kompliment. Ech si bei Wäitem net agebillt genuch, fir mech als “blog phare” ze gesinn, mä et freet mech trotzdem ze liesen, dass ech dat fir dech sinn. Lo fillen ech mech geéiert. :)

  8. ech sin zwar och genee wéi de ben e ganz ebessen geréiert, dass mir hei stin.

    ech fannen dat daerf een och roueg melancholesch betrueschten, déi ganz entwecklung.

    du wars bei mengen éischten schretter als gastbloggerin beim joel dobai..

    (do muss ech emmer rem grinsen well ech hun ierch all gehaasst well der iwer meng inexistent interpunktion gemault hutt)

    an ech kennen dain blog jo net vun ufank un, mee ech hun lo awer och dierfen matkréien wéi d’posts sech mat dir zesummen e wéineg verännert hun, ech perséinlech fannen et flott bei sou verännerungen dierfen dobai ze sinn

    a mat dir kann een och zaiteweis gudd streiden

    dofir gleckwonsch a merci

  9. Ech fillen mech amfong emol net melancholesch. Ech sti just einfach virun deem Bierg un Erënnerungen a froen mech, wéi dat der op eemol esou vill konnte ginn. Mä de gréissten Deel dovunner ass positiv, an aus de negativen hunn ech bal ëmmer geléiert, dat fannen ech scho mol gudd.

    Am Beschte streid et sech souwisou nach ëmmer bei engem Gin Tonic op der Terrasse vum Bistrot de la Presse. :)

  10. Kenne mir eis w.e.g. dorop eenege, ni méi an den besooten Bistro ze goen, ausser ass soss néirens Plaatz? Jo? Merci!
    A Merci fir déi léif Wierder.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *