Haut huet den London Film Festival ugefaangen, an den Eröffnungsfilm vum zweewöchege Festival ass d’Verfilmung vum Kazuro Ishiguro sengem Roman Never Let Me Go. Virun allem wéinst dem Carey Mulligan, dat mer zanter senger Haaptroll an der grandioser 2007er Doctor Who Folg Blink sympathesch ass, war ech dann de Mëtteg op de Leicester Square an hu mer dräi Stonne laang d’Féiss an de Bauch gestaan an eng Stonn laang geknipst a gefilmt. Am coolsten war d’Carey Mulligan – zwar huet d’Keira Knightley och Autogramme ginn, genau sou wéi den Andrew Garfield an de Mark Strong (an e puer aner Leit, vun deenen ech de Numm net weess, also wann ee mer ka soen wien déi dräi läscht Persounen sinn? Chris, ech kucken op dech.), mä d’Carey Mulligan huet sech awer express vun de Fotografen ewech gemaach an ass zeréck bei d’Fans gaangen. Dofir gouf et vun der Press ausgebuht, wat ech engersäits kann novollzéien, well et fir de Fotograf eng Merde ass ouni Foto zeréck bei d’Zeitung ze kommen, mer hatt dofir op der anerer Säit awer extrem sympathesch gemaach huet. Ausserdem ass dat Bild vun him mat Abstand mäi Léiwstent vun haut.
tolle bilder, besonders neckisch, die dame auf bild nr. 5 ;-)
Hui, ein Kommentar vom Sternenmädchen! Ich freu mich. :)
Ich habe keinen blassen Schimmer wer die Frau ist, aber die Presse hat hunderte solcher Bilder von ihr geschossen. Und sie hat Autogramme geschrieben, also für irgendwas wird sie wohl bekannt sein. Im Film spielt sie allerdings nicht mit… (Das tut Mark Strong aber auch nicht, Schauspieler zeigen sich halt wohl gerne der Öffentlichkeit.)
cool
why ass d’ Madame am eischten Bild am Hannergrond schwarz gepunktet if u dont mind me asking (falls et en juristeschen aspekt huet sin ech enorm interesseiert) ?
Well se bescheuert dragekuckt huet. :)
xD ok
Also bei Nr. 6 kann ech hëllefen, dat ass de Jim Broadbent. Huet am leschten Harry Potter mat gespillt, bei Bridget Jones, Gangs of New York, Moulin Rouge a Smilla’s Sense of Snow. Dat si mol déi vun deenen ech weess :)
Ehm, an Nr. 5, kann dat net d’Lizzie Cundy sinn? Sou eng englesch Fernsehmoderatorin, Model, a mat engem Fussballspiller bestued? Gläicht em mol.
Nr.7 hun ech allerdéngs net déi gerengsten Ahnung wien et kéint sinn.
Jim Broadbent seet mer zwar näischt, mä et ass och schon éiweg laang hier dass ech déi Filmer gesinn hunn (an Harry Potter guer net). Lizzie Cundy ka gudd sinn, et hu mol Leit dee Virnumm geruff. Nr 7 nervt mech am Meeschten, well ech mer sécher sinn, dass ech dat schon a Filmer gesinn hunn.
Merci!!
Ahh – I envy you! Ech mengen ech muss och mol rem eng Keier op London oder sou :-) Awer Filmfestival giff ech och kucken goen!
Déi nächste Première op déi ech mech wierklech freeën ass Tron: Legacy – ech kann et guer net erwaarden déi Schauspiller ze gesinn. An iergendwann kënnt den Jason Segel och op London fir säi nächste Film (Titel an Datum wëll mer lo natirlech net afalen, grr) – deen hat ech dës Woch jo glorräich verpasst, well ech ausgerechent dës Woch zwou Stonne méi laang Cours hat.
Ma mell dech, wann s de eng Kéier an der Géigend bass, da kann een e Pint zesummen drénke goen. :)
D’Madame um Bild 7 ass d’Ruth Wilson, wat d’Alice Morgan bei “Luther” spillt ;)
An du haas de Sir Ben Kingsley net vrun d’Lense kritt? :(
Nonditschö, wéi konnt ech dat net erkennen! Merci!
De Sir Ben ass bei d’Presse gelaf an an den Odeon eran. D’Gillian Anderson an de Salman Rushdie waren anscheinend och do, mä déi hunn ech och néirens an der Géigend vun engem Fan gesinn. Ass mer awer egal, ech war wéinst dem Carey Mulligan do, a vun deem hunn ech Fotoen a Videoen (och een wou d’Presse et ausbuht).
Dat op der läschter Foto kënnt mer zimlech bekannt fier, mä weess awer net vu wou an och net wéi et heescht… Op alle Fall en YAY fir d’Carey Mulligan. Hatt ass esou schéin. Ech hu mer extra d’ US Vogue gëschter fir 7.40€ kaf well hatt um Cover drop ass an et eng Fotosserie mat em dran ass. Bësse verréckt mä egal!
Et stoungen zwee lëtzebuergesch Meedecher nierwt mer (kleng Welt, eh), déi guer net wollten ophalen mat schwärmen. ^^ Et ass wierklech déck schéin. Ech mengen ech hu mech deemols e bëssen an d’Sally Sparrow verknallt, haha. Mä ech hunn et déck cool fonnt, wéi natirlech hat a Wierklechkeet ass. Also dass et gelaacht huet a mat de Fans geschwat huet a Witzer gemaach huet – zumols am Kontrast dozou dann esou Leit ewéi de Mark Strong, déi sech geweigert hunn eng Foto mat Fans zesummen ze huelen. An sot ech schon, dass hatt sou onbeschreiwlech schéin ass? :D
Wollt lo just Jim Broadbent an Ruth Wilson lassginn, a gesinn, dass mer d’Leit zevir komm sinn.
Chris, wat mëss du dann och de ganzen léiwen Dag laang amplaz permanent mäi Feed ze checken. Tzz. :)
Ech schummen mech wierklech, dass ech d’Ruth Wilson net erkannt hunn.