Skip to content

Dancing With Myself

Ech froe mech, ob ech gemaach si fir alleng ze wunnen. Wéi ech nach an der Schoul war, hunn ech déi Momenter ewou ech eleng doheem war ëmmer genoss, si waren eppes Aussergewéinleches, eppes Aneres. Mä gréisstendeels war ëmmer eppes ronderem mech lass, oder et souzen zumindest aner Persounen am selwechte Raum. Ech vermëssen zanter e puer Deeg déi spuenesch Gameshow, déi ech all Summer mat der ganzer Famill gekuckt hunn, El Grand Prix del verano. Ech ka mech nach ganz genau drun erënneren. Un déi Leeder um Schluss. Un de Ramón, deen mas! a menos! geruff huet bis de Loftball explodéiert ass an d’Ronn eriwwer war, a mat senge permanent wiesselnden Assistentinnen duerch den Owend gefouert huet. Engersäits vermëssen ech se, well et mer oft vill ze roueg ass a mengem Apartement. Well déi Stëll mech nostalgesch mécht fir d’Vergangheet. Meng Wunneng ass, ewéi den Jeremy dat ëmmer gäeren nennt, eng “Festung der Einsamkeit”. Am Géigesaz zum Clark Kent ass et fir mech awer bis ewell nach keen Zufluchtsort, mä just déi Plaz wou ech halt en Daach iwwer dem Kapp hunn an Iessen am Frigo. Anerersäits war ech d’läschte Freidegowend mat enger Mexikanerin iessen an de simple Fait Spuenesch ze héieren a mat deem bëssen, un dat ech mech nach kann erënneren vun deem wat ech als Kand vun där Gameshow geléiert a vu menger Mamm opgeraf hunn, probéiert hunn et ze verstoen, huet mech och nees zeréck an d’Vergangenheet befuerdert.
Eng Vergangenheet, déi wäit ewech läit. Wann ech dem Joël säi wonnerbaren Text iwwer d’Plënneren liesen, muss ech drun denken, dass et mir scho vill ze oft esou gaangen ass. Ech hunn an de läschte véier Joer, inklusiv menger aktueller Wunneng, op aacht verschiddene Plaze gewunnt. An den Halls – wat ech ëmmer gäere verdrängen –, mam Sir, an engem Apartement well eis Wunneng nach net fäerdeg war, dunn déi Wunneng aus där mer Chrëschtdag illegal erausgeheit goufen, déi Fotell vun enger Frëndin op där ech dunn hu misse liewen, an eng Wunneng direkt nierwt der firëschter, an dunn ee Joer am genialsten Haus an der Stad fir dat jiddfereen eis beneid huet a wou d’Dier ëmmer fir jiddfereen op war.
Meng Dier hei ass zou. Et sinn esouguer dräi Dieren. D’Haaptdier ënnenan, dann eng Dier fir an ee klenge Virraum, an dann nach eng Dier fir a meng eigentlech Wunneng. Ech si mer sécher, ech wäert mer schon Erënnerungen usammelen op dëser Plaz, esou ewéi ech dat nach ëmmer gemaach hunn. Wann ech eppes geléiert hunn an all de Joeren wou ech Primärschoulen, Lycéeën, Unien a Wunnengen gewiesselt hunn ass et, dass um Enn ëmmer alles okay ass. Ech si gudd dra ginn, iwwerall mäi Gléck ze fannen. Dat hei ass eng nei Erausfuerderung. Zumindest bis Enn August 2011 liewen ech komplett aleng. Iergendwann wäert mer dat och gefalen. Bis dohinner schwelgen ech an der Vergangenheet mat Episoden vu Babylon 5, dat ech fir d’läscht als Kand mat menger Mamm gekuckt hunn, an Time Trax mam einsamen awer héich moraleschen Held Captain Darien Lambert, engem vu menge Kandheetsidoler, an The Tribe, déi australesch Kannerserie déi wuel net ganz onschëlleg drun ass, dass ech un engem Roman iwwer eng postapokalyptesch Welt wurschtelen.
“Huel alles mat, wat s de kréie kanns,” sot mäi Bop mer um Stierfbett. E Saz, un deen ech zanterhier all Dag denken. Jo, dat heite gëtt och mäin Doheem, esou wéi all déi aner Plazen et waren. An ech maachen dat Wonnerbarsten draus wat mer méiglech ass. Mas! Bis de Loftball explodéiert.

4 thoughts on “Dancing With Myself”

  1. Du hues als Kand mat denger Mamm ‘Babylon 5’ gekuckt? Cool.

    Meng konnt meng Virleift fir Science-Fiction nie novollzéien an huet ëmmer gefrot op ech näischt Besseres ze kucken hätt …

  2. Oh Gott, Thierry, du hues bei mir lo Erënnerungen erwäscht déi iergendwéi verluer gaange waren. A lo si se rëm do.
    El Grand Prix del verano, oh mei, dat hu mir och ëmmer all zesumme gekuckt. Wéi konnt ech dat nëmme vergiessen. An ech ka mech och erënneren datt mer dat och gekuckt hun wou mer a Spuenien bei der Famill waren… Honnerten an honnerte vu Biller komme mer do rëm an de Kapp. Wéi schéin! Merci fir den Text, ech fannen en immens :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *