Skip to content

Naw

Ech stinn op der Kräizung beim S. senger Wunneng; et ass zwanzeg vir zéng. Ech kennen seng Apartementsnummer net, an ech froen mech op ech soll déi zwiellef Cent ausginn vir em vu mengem lëtzebuergeschen Handy eng SMS ze schreiwen wou et bleiwt. Wahrscheinlech steet et nach virum Spigel seng schwaarz gewellten Hoer ze kämmen – si gesinn zwar schéin aus, mä ech stellen mer et schrecklech vir mam Kamp duerch esou eppes ze kommen. De Recht sëtzt schon zéng Minuten am Cours, et ass egal, mir ginn do souwisou net hin.
Ech hat schon ëmmer Mënsche gären, déi mat engem Laachen um Gesiicht duerch d’Welt ginn. Wann se dann och nach weiblech sinn a wëssen wat RSS an SEO ass, ass dat scho bal d’Perfektioun. Mä dës Kéier verléiwen ech mech net. Ech dierf net. An ech wëll dat och guer net. Et kënnt dee Punkt am Liewen, wou ee sech muss décidéieren op een sech eng Frëndin sicht a mat där glécklech gëtt, oder sech op sech selwer konzentréiert. Sech selwer weiderentwéckelt, fir op laang Dauer glécklech ze sinn. Virun där Entscheedung stinn ech. Stoung ech. Si ass scho längst gefall. Ech brauch einfach nëmmen Frëndschaft am Moment. Dëst Joer gehéiert ganz aleng mir, an ech deelen dat mat kengem. Et gëtt Zäit. Mä ech sinn schon ëmmer méi einfach mat Meedecher eenz ginn ewéi mat Kärelen. Als Kënschtler huet een vläit méi weiblech Hormoner am Kierper. Mä ech si kee Biolog, a wahrscheinlech ass dat alles Blödsinn wat ech mer zesummereimen.
Meng kuerz Hoer fillen sech nach ëmmer komësch un. Een hallewt Joer war ech net bei engem Coiffeur an dunn sot ech einfach: schneid mer dat alles erof. Op en halwen Inch, roueg e bësse manner. Aacht Pond wollt en dofir. Dat ass ee Pond méi wéi zu Cardiff, an eng zéng Euro manner ewéi an deem Land, wou ech de Summer war. En Neiufank verdéngt och eng nei Frisur. Iergendwou hunn ech eng Kéier gelies et hätt ee psychologesche Grond sech d’Hoer ze schneiden wann een e Broch wëll. Ech weess net awéifern ech de Broch wollt, mä ech hu gespuert, dass ech e géing brauchen. Ech fille mech ewéi wann ech ukomm wier. Ech weess nach net wou. Ukommen heescht och fortgoen, an ech weess zumindest wouhier ech kommen. All Kéiers wann ee mech freet vu wou ech sinn soen ech Cardiff. Opgewuess sinn ech zu Lëtzebuerg, hänken ech hannendrun. Mä a mengem Häerzen sinn ech Walliser.
Ass et net wonnerbar, dass ech elo hei stinn an op ee Mënsch waarden, dee bis viru kuerzem nach op engem anere Kontinent geliewt huet an deen esouvill nei Geschichten kann erzielen? Muenchmol geschéie Wonner, sot den Dekan gëschter. Wonner geschéien déi ganzen Zäit – et muss een se just erkennen. Ech gesinn d’S. zur Dier erauskommen. Zéng Minuten ze spéit. Et ass egal. Haut fänkt den Hierscht un. Haut ass ee perfekten Dag. Och wann et riicht eran schifft. Et hëlleft déi Tréin ze verstoppen – vu Gléck, vu Vermëssen, vu Béidem. Deen éischten Dag vu mengem Joer.

5 thoughts on “Naw

  1. SEO klengt mëttlerweil zimlech schrecklech a mengen Oueren. Also, Leit déi dat esou reliounsméisseg benotzen, fannen ech generell onsympathesch. Mä wëssen wat et ass däerf een schon.
    Och dir léinen ech gären eng Kéier meng Copie vun “the ethical slut“, wann ech et fäerdeg hunn ;-) Also, wéinst Frëndschaft an keng Frëndin an sou.

    An ech froe mech, ob een sech net grad duerch intime Kontakt zu anere Mënschen entwéckelt. Géif ech op mannst soen, wann ech mäin läscht Joer esou kucken. Ech fannen däin Gedanken trotzdem interessant – an fir dech trefft en jo vläit esouguer zou. Vläit mëscht et muer awer och BUM an du verléifs (wiesou mescht de Spellchecker dat falsch? Blöde Spellchecker, domme Spellchecker! luxogramm seet, et wier richteg. Ech gleewe luxogramm. Luxogramm ass brav.) dech trotzdem an d’Welt gesäit ganz anescht aus.
    Punkto Kënschtler_in a weiblech Hormonen: Grommel! ;-)

    Mä den Text ass “trotzdem” flott. An dofir hunn ech en geflattrt. Bonne Chance an dengem Joer!

  2. Jo, ech fannen SEO och schrecklech. Mä wann ee weess fir wat déi Ofkierzung steet fannen ech dat awer scho cool.

    Ech géing soen, et ginn eng ganz Rei Erfahrungen duerch déi een sech weiderentwéckelt. An ech konzentréieren mech elo léiwer op mäi Studium, well ech laang genuch drop gewaard hunn dat kënnen ze studéieren an et mech enorm vill Geld kascht. Ech “verschwenden” meng Zäit elo net mat Verléiwtsinn. (A wien seet, dass et wierklech esou simpel ass, wéi dat hei steet. Mä et gi Saachen, déi gehéieren net an de Blog.)

    Merci fir d’Flattren! :)

  3. saits de zu london bas, klengen deng texter aanescht an ech liesen se , sorry fir d’eierlechkeet, och léiwer, kompliment monsieur

  4. Ech fille mech och anescht zanter ech zu London sinn. A fir Éierlechkeet brauch een sech dach net z’entschëllegen. Et freet mech, dass et gefällt. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *