Scott Pilgrim vs the World. Ech hunn d’Graphic Novels net gelies, an wierklech gefreet hat ech mech op de Film och net. Mä nodeems ech de Cast um rouden Teppech gesinn hat fir d’Europapremiär, konnt ech et trotzdem net méi erwaarden en ze gesinn. An de Film enttäuscht wierklech net. En ass verdammt witzeg, originell (ech hunn d’Geschicht wéi gesot net kannt), an extrem kuerzweileg. E Jong muss déi siwen Exen mat Superkräften vu senger Frëndin besiegen, fir dierfe mat em zesummen ze sinn. Dat Ganzt ass wéi ee Computerspill verfilmt: fir all Ex deen e besiegt, kritt e Mënz an muenchmol e Bonus. Et ass total iwwerdriwwen, verréckt an iwwerdréit – an onbeschreiwlech flott. D’Schauspiller sinn top an hiere Rollen (och wann d’Winstead wierklech eng arrogant Kou ass, et kann nu mol trotzdem schauspilleren), virun allem de Michael Cera an den Jason Schwartzman hu mir gefall. Fazit: et misst all Film eng Progressbar fir d’Pissen hunn – esou gelaacht hunn ech nach ni bei sou engem bescheuerte Witz. De Film muss ee gesinn hunn.
Dinner for Schmucks. Oh mäi Gott, wat ee wahnsinnege Cast. De Steve Carrell (The Office), de Zach Galifianakis (The Hangover), den Jemaine Clement (Flight of the Conchords), de Bruce Greenwood (Star Trek), de Ron Livingston (Defying Gravity), d’Kristen Schaal (Flight of the Conchords), den David Walliams (Little Britain), de Chris O’Dowd (The IT Crowd), an, jo, esouguer de wahrscheinlech berühmste Bauchriedner vun eiser Zäit, den Jeff Dunham. Bei esou engem Cast ass d’Geschicht scho bal Nierwesaach – Mann – gespillt vum Paul Rudd (Friends) – muss Idiot – Steve Carrell – op en Iessen invitéieren, fir dass d’Chefetage sech kann iwwer den Idiot lëschteg maachen. Idiot stellt sech als ustrengend awer liebenswäert eraus. Mann léiert eng Lektioun fir d’Liewen. Si ass duerchaus ënnerhalend a kuerzweileg, awer näischt originelles. Fazit: et muss een de Film net gesinn hunn, mä e bidd trotzdem flott zwou Stonnen Ënnerhalung.
Leave a Reply