Naw
Ech stinn op der Kräizung beim S. senger Wunneng; et ass zwanzeg vir zéng. Ech kennen seng Apartementsnummer net, an ech froen mech op ech soll déi zwiellef Cent ausginn vir em vu mengem lëtzebuergeschen Handy eng SMS ze schreiwen wou et bleiwt. Wahrscheinlech steet et nach virum Spigel seng schwaarz gewellten Hoer ze kämmen – si gesinn zwar schéin aus, mä ech stellen mer et schrecklech vir mam Kamp duerch esou eppes ze kommen. De Recht sëtzt schon zéng Minuten am Cours, et ass egal, mir ginn do souwisou net hin.
Ech hat schon ëmmer Mënsche gären, déi mat engem Laachen um Gesiicht duerch d’Welt ginn. Wann se dann och nach weiblech sinn a wëssen wat RSS an SEO ass, ass dat scho bal d’Perfektioun. Mä dës Kéier verléiwen ech mech net. Ech dierf net. An ech wëll dat och guer net. Et kënnt dee Punkt am Liewen, wou ee sech muss décidéieren op een sech eng Frëndin sicht a mat där glécklech gëtt, oder sech op sech selwer konzentréiert. Sech selwer weiderentwéckelt, fir op laang Dauer glécklech ze sinn. Virun där Entscheedung stinn ech. Stoung ech. Si ass scho längst gefall. Ech brauch einfach nëmmen Frëndschaft am Moment. Dëst Joer gehéiert ganz aleng mir, an ech deelen dat mat kengem. Et gëtt Zäit. Mä ech sinn schon ëmmer méi einfach mat Meedecher eenz ginn ewéi mat Kärelen. Als Kënschtler huet een vläit méi weiblech Hormoner am Kierper. Mä ech si kee Biolog, a wahrscheinlech ass dat alles Blödsinn wat ech mer zesummereimen.