Et huet schon zanter zeng Minuten eent eng Laachkriiss hannert mer, während ech an der Schlaang stinn ze waarden, dass meng Fritten fäerdeg ginn. Ech weess net firwat et laacht, mä ech hu selwer mëttlerweil och ee Laachen am Gesiicht. Et ass längst däischter dobaussen, ech si mer net sécher wéivill Auer et ass – ech sinn och alt nees eng Kéier ze faul fir mäin Handy aus der Täsch ze kropen. Déi Persoun, déi mer virdrun eng SMS geschéckt huet, wäert sech freeën. Ech sinn absolut fuerchtbar wat elektronesch Kommunikatioun ugeet. Ausser bei dir, mä vun dir ass se net – mäin briteschen Telefon läit am Apartement. Ultimate party steet iwwert der Leidseplein um T. senger Kaart, déi et am Grapp huet während et op mech duerkënnt mat verschmëtztem Grinsen an engem léiwe Fonklen a sengen Aan. Erwaardungsvoll hällt et d’Hand iwwert meng Fritten an erënnert mech dobäi e bëssen un dech. Du häss mech op genau déi selwecht Manéier gefrot, ob s de eng Fritt kriss. Mä zu dir hätt ech natirlech virdéischt Nee gesot. Mir hätten eis e klenge verbale Kampf geliwwert, um Enn häss du natierlech eng Fritt dierften huelen, du häss mech widdert den Aarm geschloen a mech esou genannt ewéi s de mech ëmmer nenns wann ech dech zéien. Verlaangeren ech eigentlech grad no dir? Ech hunn an der läschter Woch an där et kloër war, dass mir net méi géingen an der selwechter Stad wunnen, erfollegräich eben genau déi Tatsaach verdrängt. Ech wëll net drun denken mussen ewéi et wäert sinn wann s du net permanent bei mir an der Wunneng bass. Wéi ech dat soll aushalen net zu all Moment kënnen un denger Dier ze klappen wann ech dech vermëssen. Net méi op denger Fotell ze sëtzen an der nozekucken, wéi s du deng Klasseuren sortéiers. Net méi dech op menger Fotell sëtzen ze hunn an mat Aluminiumsfolien retro-futuristesch Helmer mat Antennen ze bastelen. Net méi kënnen eng Kéistaart mat zwou Forschetten ze bestellen. Net méi mat dir am Aarm anzeschlofen. Well wann ech ufänken mer mech ouni dech virzestellen ass dat ewéi wann mir eriwwer wieren. Dobäi hate mir dach emol nach net richteg ugefaangen. Zwou Stonnen Zuch si keng Distanz, seess du ëmmer erem. Mä ech weess net ob ech dat gleewe soll. E bëssen Distanz ass et schon. D’T. hëllt sech nach eng Fritt a starrt op seng Kaart fir eis am Däischteren iergendwéi bis op d’Leidesplein ze kréien. Villäicht huet dat schon alles seng Richtegkeet, déi Muechtlosegkeet virum Liewen. Ee vu mengen Erasmusfrënn huet virun zwee Joer eng Kéier gemengt, wann hien zeréck heem geet a seng Frëndin hätt op hien gewaard, dann wéisste se datt si zesummegehéieren. Si kruten virun am Juni ee Puppelchen. Esou eppes mécht mech hoffnungsvoll. An zwou Wochen kënns du bei mech an ech weisen dir mäin neit Doheem, dat ech mir an de nächsten Deeg emol selwer nach muss sichen. Zwou Stonnen – villäicht ass dat effektiv keng Distanz.
Published on
in
Comments
Leave a Reply
Manage Cookie Consent
To provide the best experiences, we use technologies like cookies to store and/or access device information. Consenting to these technologies will allow us to process data such as browsing behavior or unique IDs on this site. Not consenting or withdrawing consent, may adversely affect certain features and functions.
Functional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.
Leave a Reply