Ech hu mer dat scho gëschter geduecht, ewéi d’NY Times erëm e bëssen probéiert huet Angscht ënner d’Leit ze streeë mat enger Falschmeldung, déi scho längst widderluecht war, ier d’Wort iwwerhaapt an den Drock goung. Wat mech bei esou Saachen trotzdem ëmmer nach erschreckt ass wéi einfach et ass, an den ale Medien komplett falsch Informatiounen ze kréien – an dass et Leit ginn, déi d’Wort liesen an effektiv blöd genuch sinn fir ze gleewe wat hinnen do virgelunn gëtt. Oder ass dat einfach erem ee Fall vun: mir sinn ze beschränkt fir eege Recherchen, déi all Otto-Normal-Bierger mat e bësse Verstand hikritt. Soit. Den NY Times Artikel krut jo och nach emmer keen Update, dass de Quatsch deen se do gëschter verzaapt hunn net stëmmt – wahrscheinlech schreiwt d’Wörtchen einfach just bei deenen of.
Leave a Reply