Skip to content

Chwech

Hei kënnt alles op en Enn. Hei, wou mir fir d’éischte Kéier owes zesummen hikoumen, wou kee vun eis wollt heem a mer et trotzdem net konnten erwaarden de Café ze verloossen, wou mer esou vill Owender zanterhier verbruecht hunn, eleng, mat aneren, hei verleeft se tëscht eise Fangeren a mir kënne just muechtlos nokucken wéi mer se verléieren, déi gréissten Zäit vun eisem Liewen.
Wéi s du deng Resultater krus, war ech zu Stratford-upon-Avon, an hunn am Hotel op der Telé gesinn ewéi sech jiddfereen opgereegt huet d’A-Levels wieren ze einfach ginn. Vläit wars du deemols esouguer an de Lokalnoochriichten ze gesinn, eng hallef Stonn ass keng Distanz, wier dat net e schéine Klischee wann ech dech scho gesinn hätt, Méint ier mer eis kennegeléiert hunn. Wéi oft hu mer iwwer de Shakespeare diskutéiert, argumentéiert wéi ee Wierk elo wierklech säi Bescht ass, eis Extraiten zitéiert. Ech erënnere mech nach un dat éischten Zitat, dat ech zu dir sot wéi s du owes heem gedanzt bass: When you do dance, I wish you a wave o’ the sea, that you might ever do nothing but that; move still, still so, and own no other function: each your doing, so singular in each particular, crowns what you are doing in the present deeds, that all your acts are queens.
Op der Jukebox leeft Roy Orbison. Only the Lonely. Wat eng Ironie – wien och ëmmer d’Lidd ausgewielt huet weess wéi d’Liewen leeft. Du spills mat menger Kravatt déi s de mer grad ausgedoen hues, erziels mer wéi dat war, an der Schoul, mat den Uniformen an de Kravatten, wonners dech nach ëmmer ewéi et ka sinn, dass ech ni eng Schouluniform hu missen undoen. Du gesäiss onbeschreiwlech léif aus; ech probéieren mer däi Laachen an eng Erënnerung anzepaken, eng ganz fir sech aleng, ewéi eng Foto an enger aler Metallkëscht déi een ënnert dem Bett verstoppt an ëmmer nees eraushëllt wann een sech nees esou fille wëll ewéi dee Moment an deem d’Foto gemaach gouf. Deng Stëmm, deng Eegenheeten. Däi Parfum – all Kéiers erënnert e mech drun ewéi mer déi éischte Kéier nierwenteneen ageschlof sinn, mat denger wollener Jacket als Këssen, an enger stärekloërer Nuecht, meng Séil war nach ni esou friddlech.
Hei kënnt alles op en Enn. Gläich mécht de Café zou, mir soe fir d’leschte Kéier dem Barkeeper Äddi, de Barkeeper dee scho Frënd gi war, mir gi fir d’leschte Kéier bei dech heem, a Moies fréi fiers du fort. Esou eidel war meng Séil nach ni.

3 thoughts on “Chwech”

  1. Automatesch Literaturkritik no Riesenmaschine (Bewäertung nëmmen vum Inhalt):
    Pluspunkten: 4 (Kritären: 16., 18., 23., 38.)
    Minuspunkten: (29., 55., 91., 93.)
    Total: 0 Punkten. Dat ass guer net esou schlecht, wann een bedenkt, dat d’Gewënnerin dëst Joer just 6 Punkten hat an déi meescht Auteuren am Minusberäich louchen.

  2. Déi Lëscht ass cool, hunn déi mol nach guer net kannt gehat.

    29… Hm… Den Titel setzt den Text an e Kontext (alleguerten déi Aner hunn och eng Nummer op wallisesch als Titel), an indiquéiert wou en an der Serie steet (chwech = 6). Mä ëmmerhin net am Minusberäich. :)

  3. Jo, ech war mir bei 29 och net wierklech sécher. An ech fannen déi Lescht sollt vill méi oft ugewannt ginn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *