Nondikass, ech freeë mech wierklech mat all Trailer a Bildschnipsel méi drop. Wann dat net de Film vum Joerzéngt gëtt, ginn ech sténkeg.
by
Nondikass, ech freeë mech wierklech mat all Trailer a Bildschnipsel méi drop. Wann dat net de Film vum Joerzéngt gëtt, ginn ech sténkeg.
Tags
En éischte Review, ech sin och nawell gespaant:
Sinn och sou gespaant op deen!
Kéint och den ‘The Matrix’ vun den 10er Joeren ginn?
A propos ‘dreaming inside a dream’, ech hat dat scho mol an dat woer freaky ………….
A wann en herno just gutt war, da gëtt rëm gesouert. Bremst mol är Erwaardungen, Jongen. Dat do ass dach ongesond.
Du Pessimist! Ech waarden elo schon wäit iwwer ee Joer op dee Film. Ech dierf grouss Erwaardungen hunn. Ee neie Matrix erwaarden ech mer awer net. Et gesäit mer net dono aus, ewéi wann ausser dem Draam esou vill grouss philosophesch Froen behandelt ginn.
Ech soe jo net, dass ech net gespaant sinn, an dass ech net denken dass e gutt géif ginn. Am Géigendeel. Ech mengen, du bass op den zweeten Trailer réischt opmierksam ginn, well ech getwittert hat, dass ech net ophale kéint en ze kucken, oder?
Mä déi do Astellung ass ee Grond firwat mech Internetdiskussiounen ëmmer méi frustréieren. Ouni eppes gesinn ze hunn, uerteele mer schon driwwer wat dee Film elo gi wäert, a wann en herno net sou gutt ass, wéi mer eis erhofft hunn, gëtt en schlecht geschwat. Op alle Fall ass dat den übleche Schema.
PS: Dofir fannen ech d’Marketingstrategie vun “Scott Pilgrim vs. the World” och esou interessant, well si de Film als “epic of epic epicness” verkafen, an domat Internetvokabular op d’Schëpp huelen an zweedäiteg asetzen. Sou ginn d’Erwaardungen souwuel erhéicht, mä och gebremst.
Dat do ass awer schon erëm en neien Trailer. Den zweeten Trailer koum jo schon am Mee eraus. ;)
Ech sot dach, dass ech grouss Erwaardungen hunn, mä dass ech mer de Film eben net als neie Matrix erhoffen. Heescht dat net, dass ech meng Erwaardungen bremsen? Dat ass a mengen An och keen Problem mat Internetdiskussiounen. Ech war scho verréckt no Traileren ier et esou eppes ewéi Bloggen iwwerhaapt gouf – ech hunn deemols nach op Outpost6.com mam Netscape Navigator 4.1 bei 56kbps erofgelueden. An déi eenzeg Internetdiskussiounen bei deenen ech deemols dobäi war, war FunOnline.de, an do hunn ech méi iwwer Fernseh ewéi iwwer Filmer geschwat. :)
Kënns dës Linken bestemmt schon mee bon ;)
http://io9.com/5572398/chris-nolan-breaks-down-leonardo-dicaprios-inception-role
http://io9.com/5571926/the-motherlode-of-bewildering-intense-inception-images/gallery/
Vue dass ech kee Fan vu “Matrix” sinn – ech weess, ech si schwéier zefridden ze stellen – hunn ech dat net als Erwaardunge bremsen ugesinn. ;)
Ech fäerten.
Leave a Reply