Virdrun op Channel 4 déi éischt Reklamm fir déi véiert Staffel gesinn. Ech wousst jo, dass déi nei Folgen demnächst géinge kommen (d’Premiär vun der éischter Folg war de 25. Mee zu London, an Channel 4 mécht zanter e puer Deeg Reklamm, dass ee soll déi éischt dräi Staffelen op 4oD kucken), mä elo ass dann anscheinend den defintiven Datum eraus: de 25. Juni. An, wat nach méi gäil ass: eng fënneft Staffel gouf och scho bestallt!
The IT Crowd
Published on
in
Comments
-
An déi Serie bréngt et wierklech?
-
Awer sou eppes vun. Zu engem groussen Deel sinn et déi selwecht Leit wéi hannert beim legendären Garth Marenghi. An si gëtt vum selwechte Kärel geschriwwen, deen d’Kultserien Black Books an Father Ted erfonnt huet.
Leave a Reply