A Week of Music: Elbow

Déi Meeschte vun iech wäerten Elbow, déi britesch Alt Rock Formatioun, ënner Ëmstänn scho kennen. Hier Single One Day Like This gouf éiweg laang iwwerall erop an erof gespillt. Manner bekannt ass awer hieren Optrëtt bei BBC Radio 2 virun annerhalwem Joer, bei deem se en Album an eng Live DVD opgeholl hunn, zesummen mam BBC Concert Orchestra an dem Londoner Chouer Chantage. Fir The Fix, deen der hei ënnendranner fannt, huet hinnen ausserdeem de Richard Hawley ënnert d’Ärm gegraff. Esou vill geballtent musékalescht Talent gesäit ee net oft, an d’CD/DVD ass wierklech z’emfeelen.

Published on

in

Comments

  1. Gefällt mer och. Merci fir die musekalesch Tipps!

  2. Erwienenswäert wier vläicht och, dass se 2008 den Mercury Music Prize gewonn hunn. Dat muss een als bekannte Band, wéi si, mol packen.

  3. Grommel:
    Freet mech, dass et der gefällt!

    Chris:
    Ech wëll d’Leit net mat Informatiounen iwwerlueden, just e puer Säz an d’Musék. Mä du hues natirlech vollkomme Recht, dass eng bekannt Band de Barclaycard Mercury Prize (wéi e mëttlerweil heescht – bescheuert!) gewënnt ass zimlech aussergewéinlech.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *