Ech stellen iech eng Woch laang Kënschtler a Bands fir, déi ech nei entdeckt hunn, déi ech scho méi laang kennen mä déi an Europa net groussarteg um Radio gespillt ginn, oder einfach Musék déi mir gefällt an déi ech gären géing weideremfeelen u Leit déi se eventuell nach net kennen. Den Ufank mécht den australesche Kënschtler Paul Dempsey, ee vu menge léiwste Muséker a fréiere Sänger vu Something for Kate, mat der drëtter Single vu sengem Debutalbum Everything Is True vun 2009. Crumble-Fans dieft e bekannt sinn, ech hu säi Lidd Ramona Was A Waitress de läschte Summer an der Spezialsendung iwwert australesch Bands lafe gelooss. Hei ass den offizielle Video fir Bats.
D’Lidd ass net mäi Goût, mä de Video gefällt mer.
PS: D’Neierung fannen ech extrem chic, an huet mech zum Iwwerleeë bruecht, ob ech net och an deem Sënn rëm aktiv gi muss.
Mir gefalen seng Lidder virun allem wéinst senge poeteschen, melancholeschen Texter. Ech fannen déi Biller déi a mengem Kapp entstinn bombastesch, wann ech esou schéin Strophen héieren ewéi dei hei:
Neierung: Hëpp, lee lass. :)
En effet e super Video. An d’Musek gefällt mer och.