Lueds du nach Musék erof, oder bass de scho pädophil?

Ee fir informéiert Leit net neien awer trotzdem interessanten Artikel iwwert d’Censilia gëtt et bei mengem léiwsten EU Députéierten, dem Christian Engström vun der Piratpartiet. Also deen MEP, deen den EU Parlamentarier endlech e bësse Verstand aboxt, an ënnert anerem dovunner iwwerzeegt huet sech géint den ACTA Traité ze stellen, duerch deen d’Welt ganz offiziell wäert Sklav vun den USA ginn.

”Child pornography is great,” the speaker at the podium declared enthusiastically. ”It is great because politicians understand child pornography. By playing that card, we can get them to act, and start blocking sites. And once they have done that, we can get them to start blocking file sharing sites”.

An Dänemark ass déi perfid Method vun der Industrie längst opgaangen:

Today, the file sharing site The Pirate Bay is blocked by all major Internet service providers in Denmark. The strategy explained by Mr. Schlüter worked as clockwork.

A wéi mer all wëssen, probéiert d’Cecilia Malmström Censilia dat zanter e puer Wochen europawäit duerch ze knuppen.

The big film and record companies want censorship of the net, and they are perfectly willing to cynically use child porn as an excuse to get it. All they needed was a politician who was prepared to do their bidding, without spending too much effort on checking facts, or reflecting on the wisdom of introducing censorship on the net.

Unfortunately they found one in the newly appointed Swedish EU commissioner Cecilia Malmström. In March 2010 she presented an EU directive to introduce filtering of the net, exactly along to the lines that Johan Schlüter was advocating in his speech at the seminar in 2007.

Wéi wéineg Intelligenz brauch een eigentlech, fir Politiker ze ginn?

Published on

in

Comments

  1. Dat huet naicht mat Intelligenz ze din. Entweder mussen se vill knaschtegen Sex mat sexy Lobbyist(inn)en hun oder keen Gewessen. Oder béides. Moah, ruppegen Hänkipänki an Bréisseler Kinnéksbetter an dann nach total driwwerstoen dat een am Fong doheem eng Fra mat den statistischen 2,5 Kanner + Hond huet. Phew, dat as evil, net domm.

  2. Wann ech mer d’Interviewen mam Censilia esou duerchléisen, kléngt dat zwar oft méi wéi Dommheet. A wien géing mat där Fra an d’Bett klammen?

    Si ass iwwregens Liberaldemokrat. Wat ech besonneg witzeg fannen, wou déi sech jo ëmmer iwwerall esou gären als Retter dohinner stellen. Hei op der Insel jo och grad. An de Westerwelle huet mat där Masch d’Wale gewonnen. Just zu Lëtzebuerg klappt dat net – woubäi de Juncker nach dräimol schlëmmer ass. Deen ass effektiv intelligent an notzt déi Intelligenz aus fir d’Bevölkerung massiv ze manipuléieren.

  3. Verschidden Léit sinn och nemmen an enger Partei well sie mengen mat däer Memberskaart éischter eropzekommen, an d’Idealer sinn hinnen ganz egal. Fro emol alleguerten d’Member vun der CSV ob sie déi chrëschtlech sozial Werter wierklech gudd fannen.

    Eng Persoun wéi Censilia mécht den Numm vun Liberaldemokraten nemmen knaschteg. Obwuel ech dech muss zreckhuelen, dass d’LibDems sech als “Retter” dohinner stellen, sie stellen sech dach éischter als eng kloër Alternative géint déi 2 grouss Partei’en dohinner, soen awer net dass et nemmen mat hinnen giff biergop goen – zumindest net méi wéi dat an engem Wahlkampf normal ass. An zu Lëtzebuerg ass et jo awer esou, dass verschidden Saachen – déi vun de Léit an de läschten Deeg gefuerdert, resp. vu Regierungspartéi’en elo zenter e puer Deeg iwwerluecht gi sinn – als néi Weeër vun der DP schons proposéiert gi sinn. DP huet d’Wahlen “verluer” gehaat, well 1) sie vun den aaneren Partei’en dohinner gestallt gi sinn, dass sie Schold un der Kriis wäeren, dass déi Konservativen eigentlech dru Schold sinn, gouf net erwähnt; 2) de Claude Meisch fälschlecherwéis als Obama Imitator duergestallt gouf. An een deen den Obama wirklech “kennt” a studéiert huet, giff ganz séier erausfannen, dass dat net de Fall ass.

    An zu denger Fro: fir Politiker zeginn musst de oft net extrem intelligent sinn. Wanns de vill Léit kenns, falsch genuch bass, dech ronderem dréiss demno vu wou de Wand kennt (also keng fest Idealer hues), gess du wahrscheinlech dauernd erem gewielt. Zumindest zu Lëtzebuerg emol. ;) Dofir hunn ech bei de läschten Wahlen nemmen Léit gewielt, déi méng Idealer hunn an sech fir déi totall asetzen an sech net verkaafen, mee déi Arbescht fir esou Saachen erauszefannen, mécht sech eben leider net all Wieler. :S

  4. Wéi wir et mat enger europawäiter Kampagne mat der Fro: “Firwat hun Politiker Kannerpornographie sou gär?” Ouni Erklärung, einfach sou an de Raum gestallt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *