Ech wetten, wann ech esou een Test misst iwwer Lëtzebuerg maachen, kéim ech emol net op d’Hallschent. Mä dat Land intresséiert mech och net. Wéi d’Meedche géing soen: wooohoooo!
E britesche Kolleeg vu mer huet den Test gemaach, an e krut 54%. Ech wollt einfach kucken, wéi gutt ech als Auslänner géing ofschneiden. Ech freeë mech einfach, dass ech no 4 Joer dat Land hei awer eengermoosse gutt kennen, an – do sinn ech mer zimlech sécher – besser ewéi Lëtzebuerg. Ech hu kee Verlaangen, de richtegen Test ze maachen. Mä och wann ech politesch net a Nationalitéiten denken, kulturell sprécht mech déi wallisesch Welt wäitaus méi un ewéi déi Lëtzebuergesch, an ech fille mech hei doheem.
In which TWO of the following places does the European Parliament meet?
Wann ech dat lo richteg ausfellen, kréien ech secher keng Staatsbiergerschaft, oder? Ausserdem fehlt Lëtzebuerg, mir hunn och een Setzungssall.
Kruut iwregens 38%. Wahrscheinlech well ech d’Saachen iwert d’EU esou gudd wosst. Ech si mer trotzdem ziemlech secher, daat s du en verglaichbare letzebuergesche Test packe géifs.
Ech haat gemengt déi walisesch Kultur géif sech haaptsächlech dovunn definéieren, een méiglechst groussen Counterpart zu allem, woufir d’UK steet, ze bilden? (an Alkohol ze drenken.)
An däin Statement, du géifs net a Nationalitéiten denken, waar explizit op engem (sub)kulturellen Niveau.
Joël:
Déi Auswiel ass duerchaus korrekt. Lëtzebuerg huet d’Sekretariat, an d’Fro ass explizit no dem Versammlungsuert vum Parlament. An dat si Bréissel (fir d’Kommissiounen) a Stroossbuerg (den offizielle Sëtz vum Parlament).
Packen géif ech e vläit, mä 100%? Ni am Liewen. Ech hu missen googelen, wat eng Tripartite ass. An ech kéinnt der och net soen, wéini z.B. d’DP de Premier gestallt huet.
Deelweis schon, jo. Mä aleng um non-existente Support fir Plaid Cymru (déi Partei déi sech fir méi Onofhängegkeet vu Wales asetzt) gesäit een, dass dat net esou einfach ass. D’Walliser hunn hier eege Kultur. Hei gëtt et eng generatiounelaang Geschicht vu Kueleminen, mat deenen d’Land während der Industrialiséirung an de Weltkrichter vun England ausgebeut gouf, an et dono verlooss huet. Dat gesäit ee ganz däitlech hei, wann een e bëssen nördlech an d’Valleys geet. Do fënns de extrem niddreg Edukatioun a vill Armut, ganz einfach well déi Regioun sech eréischt lues a lues ufänkt z’erhuelen. Si hunn hier eege Bräich an Traditiounen, hieren eegenen Nationalfeierdag, hiere Fändel, hier Nationalhymn, hier eege Sprooch (op der Dier vun engem Geschäft steet “Croeso” a net “Welcome”, op de Schëlder fir d’Sortie steet “Ffordd Allan” a net “Exit”, d’Duerschsoen op de Garen sinn als éischt op wallisesch, asw.) Natirlech hues de als occupéiert Land ëmmer dee Géigesaz zum Koloniséierer, a natirlech prägt dat deng Kultur zu engem gewëssen Deel. Mä si ass awer net dorop begrenzt.
Okay, ech probéieren z’erklären wat ech hei gemengt hunn. Ech denken net a Nationalitéiten am Sënn vun: mir ass et egal, op dee nierwt mer Spuenier ass a Paëlla ësst, oder op e Lëtzebuerger ass an Träipen ësst. Oder wat och ëmmer fir eng Kombinatioun. Ech stelle mer déi Fro och net, op elo een Däitsch ass oder Australier. Do intresséiert mech virun allem dann d’Sprooch, wann mer een Accent opfällt. Mä dat ass eben, well ech total begeeschter si vu Sproochen. An all d’Kulturen si sech gläich gestallt, wat ech fir normal fannen fënnt een a Südamerika vläit barbaresch. Dat heescht awer net, dass déi Ënnerscheeder net existéieren. An déi sinn deelweis extrem faszinant. An obwuel ech mech primär als Mënsch fillen, hunn ech eng Sympathie entwéckelt fir déi wallisesch Kultur, eng Sympathie déi ech fir déi lëtzebuergesch Kultur ni emfonnt hunn. Mécht dat méi Sënn?
Gloda: Have I Got News For You kucken, hëlleft. A Newswipe. Ech hat och e puer Politologiescoursen. An ech hunn déi läscht puer Wochen extrem vill bäigeléiert, well ech mech wéinst de Walen drageknéit hunn.
Grommel
Sproochen sinn schon eppes Cooles mee och oft Grond fir Messverständnisser. En plus maachen sie et oft onméiglech, dass Läit matemeen kommunizéieren an vun eneen léieren kënnen. Duerfir sinn ech fir eng obligatoresch Weltsprooch, dei jidereen als zweet Sprooch misst léieren (vun mir aus och Englesch).
@ Thierry
D’Tripartite resp. de lëtzebuerger Modell gouf vum DP Premier Gaston Thorn an d’Liewen geruff (d’CSV war iwwrengs deemols kategoresch géint esou e Modell) an d’DP huet teschend 1974-1979 de Premier mam Gaston Thorn gestallt, deen dann och 1975 als éischten (a bis ewell eenzegen) lëtzebuergeschen President vun der UNO Vollversammlung. Take that, Jean-Claude! ;D
Ech mengen den Thorn war den leschten gudde Premier, deen Lëtzebuerg hat, an jee wäert hunn, iert mer d’Land verkafen (laang ass d’”Konzept Lëtzebuerg” net méi ze halen.) oder an eng USE iwwerginn.
Déi wëssen vill Briten och net all. Mä dat ass esou bei all Abiergerungstest esou. Du muss als Auslänner ebe beweisen, dass de wierklech wëlls déi Nationalitéit unhuelen. Wanns de kéinns Brit ginn just wells de weess wat Private Eye ass a wéi ee Worcestershire korrekt ausschwätzt, kéinnt jo all Idiot d’Staatsbiergerschaft kréien.
Hm… Woubäi… Ech hu nach ni ee Lëtzebuerger gesinn dee Worcestershire effektiv korrekt ausgeschwat huet… Déi Meescht kommen ëmmer mat iergendenger Dommheet à la “Wörsterscheier”.
Hmm, 38%. Ech hun awer och keng Ahnung, wat e Quango ass (hat ech awer witzegerweis richteg).
Leave a Reply
Manage Cookie Consent
To provide the best experiences, we use technologies like cookies to store and/or access device information. Consenting to these technologies will allow us to process data such as browsing behavior or unique IDs on this site. Not consenting or withdrawing consent, may adversely affect certain features and functions.
Functional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.
Leave a Reply