It’s A Wonderful Afterlife

by

De neie Film vum Gurinder Chadha (Bend It Like Beckham) ass haut ugelaf: It’s A Wonderful Afterlife. D’Geschicht ass séier erzielt: d’Mrs Sethi (Shabana Azm) ass eng verzweifelt Mamm, déi hiert Meedchen Roopi (Goldy Notay) endlech wëll bestued gesinn an alleguerten déi Leit ermord, déi hier Duechter net wëllen verkuppelen (an duerch eng Rei absurd Akzidenter och eng hellewull aner Leit erleedegt). Dem Roopi seng bescht Frëndin Linda (Sally Hawkins / Happy-Go-Lucky) hëlleft der Saach net wierklech weider andeem et seng ustoend Hochzäit verkënnegt. Séier huet d’Police d’Famill am Verdacht eppes mat där brutaler Mordserie ze dinn ze hunn, déi den indesche Quartier vu London a Schrecke versetzt. Den DI Smythe (Mark Addy / Still Standing) schéckt den DS Murthy (Sendhil Ramamurthy / Heroes) undercover, well hien en ale Frënd vun der Famill ass. Well d’Mrs Sethi vun de Geeschter verfollegt gëtt déi eréischt nees reinkarnéiert ginn wann si stierft, maachen hier Opfer e Pakt mat hier: si hëllefen hier, e Mann fir hier Duechter ze fannen, an da bréngt si sech ëm.
De Film ass komplett iwwerdriwwen (ee vun den Geeschter leeft mat oppenen Bauch ronderem an am Laf vum Film fällt säi Gedärms ëmmer méi eraus). En zidd vum A-Team bis Horrofilmer alles duerch den Dreck, konzentréiert seng Parodie dobäi awer virun allem op Bollywood Filmer (déi hei net Weekends op engem RTL2 ausgestrahlt ginn, mä effektiv am Kino lafen). De Film zidd awer och extrem vill déi britesch Kultur duerch den Dreck. International dierft de Film et domatter schwéier hunn, well déi meescht herrlech Dialogen komplett un engem net-briteschen Publikum wäerten laanscht goen. Zum Beispill seet en Typ mat Colasglieser um Speeddating: “I can see a future for us.” Wouropshin ee Geescht mengt: “Should’ve gone to Specsavers.” Eng Szen, bei deem d’Leit sech hei am Kino gerullt hu vu Laachen.
Wien d’Chance huet de Film ze gesinn, an sech mat britescher Kultur auskennt, sollt dat onbedéngt maachen. (An nee, weder IMDb nach Utopolis hunn een Datum fir de Start zu Lëtzebuerg.) Et schued och defintitiv net, deen een oder anere Bollywoodfilm gesinn ze hunn, fir all déi Subtilitéiten z’appréciéieren. Et ass eng Parodie, an iwwer esou eppes laacht sech eben am Beschten wann een d’Original kennt.
Wann et hei Stäre géinge ginn, kréich en der 4 vu 5.

Tags

7 responses to “It’s A Wonderful Afterlife”

  1. Merci fir den Tipp, wann ech et jeemols nees bis zréck an England packen kucken ech ob en am Kino zu Canterbury leeft. Wann net, den Kino op der Uni huet eng Schwächt fir clever Filmer déi net sou richteg international ukomm sin.

  2. Du hänks nach ëmmer op Bermuda fest? Oo

    De Film ass wéi gesot gëschter eréischt ugelaf, e wert also wuel nach lafen, wanns de bis zeréck bass. Soulaang wäert et jo net méi daueren, bis de e Fliger kriss, oder?

  3. ech sin an der läscht mol genötegt gin bal en ganzen Bollywoodfilm ze kucken,en war sou gudd dass ech den Titel vergiess hun.Et muss een bedenken dass dat nach zweemol sou schlemm as wann en Letzebuerger niewendrun sëtzt an d’Texter matlallt. Waert mer deen do wahrscheinlech dann mat vill Freed ukucken.Wann ech puer Insider-Brit-Infos brauch wenden ech mech un ierch

  4. Gesäit witzeg aus! Wäert ech mer ukucken. Am Kino, oder wann en do no et kënt, dann halt anescht …

  5. Bollywoodfilmer sinn okay. Et ass eben eng ganz aner Art vu Film, ewéi mir dat am Weste gewinnt sinn. Mä hei gëtt et esou eng grouss indesch Populatioun an eng aflossräich mat dobäi (et ass déi zweet räichst ethnesch Bevölkerung), an ech mengen ech war nach keng eng Kéier am Kino wou net minimum ee Bollywoodfilm gelaf ass (woubäi ee muss soen, dass d’Kinoen hei den Utopolis ewéi ee klengen Duerfkino ausgesi loossen, wann do also an engem Sall ee Bollywoodfilm leeft, fällt dat am Endeffekt net esou an d’Gewiicht, et lafen trotzdem an fënnef Säll (jo!) den drecks Twilight, an an deenen aneren zéng déi aner Filmer).

    Et ass vill manner, dass een déi britesch Kultur a virun allem d’Alldagsliewen kennen muss (ë.a. d’Reklammen déi op der Telé lafen) fir de Film ze verstoen (dat mécht een och ouni all dat Wëssen), et verpasst een eben just de Groussdeel vun de Witzer ganz einfach well se engem guer net opfalen.

    Héchstens op DVD. :) Hei ginn d’Filmer gottseidank net ofgefilmt. Wat engersäits dorunner läit, dass et hei einfach keng aktiv Piraterieszen gëtt mä virun allem eng passiv, anerersäits dass d’Industrie et fäerdeg bréngt un de Patriotismus z’appelléieren (an deen ass déif verankert am Denke vun de Leit) – an et ass eben ee britesche Film.

  6. Ech kucken usech nie ofgefilmten Filmer! Wann dann DVD-Rippen oder sou.

  7. Also mëttlerweilen hun ech et dann awer bis zréck gepackt, mee lo fueren ech muer schon nees a Lëtzebuerg fir déi Jobinterviews nozehuelen déi ech hu missen ofsoen. Et sief, de Film leeft hei net am Kino.
    Fir de Moment hun ech souwisou méng Dosis Indesch Filmer hei bereet leien, ech schreiwen en Essay zum Thema ‘Mehta’s Elements trilogy: Contesting nationalist ideas of sexuality and the family’ zu den Filmer Fire, Earth an Water vum Deepa Mehta – Kanadesch-Indesch Filmer déi eben net “Bollywood” sin.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *