“Mir debattéieren dat grad”, seet hatt während et nach eng Kéier d’Dessertskaart liest. D’Serveuse freet, ob mer iergendeng Preferenz hätten. D’Kéistaarte gesi gutt aus, mä mir kréien eis net fir eng décidéiert. D’Serveuse geet se duerch, eng no der anerer, déi hei ass méi séiss, déi hei ass mat Mango, déi do ass mat Schokla. Fir éierlech ze sinn: déi ganz Lëscht kléngt gutt, ob si eis kéint eng emfeelen, froen ech. Si nennt déi mat Mango an déi mat Schokla. “Mir ass et egal”, seet d’Meedchen, “decidéier du”. Et ass him net egal, natierlech net. Hatt huet längst entscheet wéi eng et wëll. Ech si mer onsécher, ob et wëll fei sinn oder ob et mech wëll testen. Esou oder sou: ech weess, dass et d’Kéistaart mat Mango wëll. Wouhier déi Sécherheet kënnt ass mer net esou ganz kloer, et ass e Gefill vill méi ewéi ee Wëssen. Villäicht huet mäin Ënnerbewosstsäin eng Reaktioun registréiert ewéi d’Serveuse vun där Taart geschwat huet.
D’Serveuse bréngt eis ee Stéck mat zwee Läffelen. Ech erënnere mech nees: esou fillt dat sech un wann ee vu frieme Leit als Koppel erkannt gëtt. Ewéi wann ee fir d’éischte Kéier a sengem Liewe wierklech géing wouer geholl ginn, esou ewéi een ass, déif bannendran, als déi Persoun déi ee selwer am Spigel gesäit moies, nach am Hallefschlof, onraséiert, awer reng iergendwéi.
Tri
Published on
in
Comments
-
Schéin, wann ee sech och kulinaresch op enger Wellelängt befënnt. (Vläicht sti Romanzen tëscht Salzeg a Séiss vu vir eran ënner engem schlechte Stär.)
A propos op: Du hues dat Wuert direkt e puermol am Ufank geschriwwen, hues dem Kontext no awer ob gemengt. Dat ass e Feeler, dee mir relativ oft a lëtzebuergeschen Texter opfällt, an et ass eppes wat de Spellchecker leider net erausfanne kann.
-
Ech hunn mer déi Fro amfong nach ni gestallt, ewéi wichteg et ass kulinaresch op enger Wellelängt ze sinn. Mä jo, mir sinn. Gréisstendeels jiddefalls. :)
Argh, jo, stëmmt natierlech! Ech hunn et verbessert. Merci. Ech maachen dee Feeler zimlech oft, zumools wou ech mech an der Läscht méi domatter befaasst hunn déi nerveg Eifeler Regel an de Kapp ze kréien.
Leave a Reply