Putain, wat ee gäile Film! Iwwerdriwwen, total absurd Gewaltszenen. Ee schwulen Aaron Johnson, deen dann awer herno dierf e Meedchen rammelen ewéi verréckt. Een 12-jähregt, dat “cunt” seet a Leit mat engem Butterflymesser den Hals opschlitzt. E Papp deen sengem Kand verbidd Hausaufgaben ze maachen ier e puer Leit zermetzelt goufen.
E Film deen sou richteg, richteg vill Spaass mécht. Wou d’Leit am Kino zwou Stonnen laang riicht duerch gröhlen. E Film mat engem hummerméissege Soundtrack. Enger wahnsinneger Léift zum Detail an enger Onmass Comicbuch a Film Referenzen. An enger Cinematographie déi sech esou ufillt, ewéi wann een de Comic géing liesen. A virun allem: déi onrealisteschst a bombastechst Szen déi jemols mat enger Bazooka um grousse Schierm ze gesi war. Fanboy Alarm: de Craig Ferguson!
Kick-Ass
Published on
in
Comments
-
Ech si jo am Moment a Lëtzebuerg, mä vue dass ech d’Comics gelies hunn, brennen ech wierklech op de Film. Obwuel Scott Pilgrim nach eng Nummer besser ass.
-
Kléngt fir mech wéi ee Film deen d’Welt net braucht.
Ech mengen zwar ech wier tolerant genuch fir engem avertéierte Public (zu deenen ech dech an de Chris ouni Zweiwel zielen) sou ee “Spaass” ze gënnen, och wann ech selwer net verstinn wou de Spaass dobäi läit. Detailléiert Gewaltszenen am Kino bewierke bei mir perséinlech nämlech kee Spaass, ma éischter Ekel. Meng Präferenz soll awer hei net den Thema sinn, «à chacun son goût».
Villméi froen ech mech, ob dee Film wierklech just avertéiert Zuschauer unzéie wäert. Wann d’Leit am Kino zwou Stonne laang riicht duerch gröhlen, sou heescht dat net anengems, dass jiddereen dee matgröhlt dat aus fräier Stécker mécht. De Film ass laut IMDb R-rated, sou dass en am Prinzip just engem avertéierte Public zougänglech sollt sinn. Am Prinzip awer nëmmen.
Well Fakt ass nun eemol haut, dass et schonn an der Grondschoul Kanner gëtt, déi abnormst filmesch Szenen gesinn hunn, d’Medien sinn aus eiser Gesellschaft net méi wegzedenken an de kontrolléierten (wëll heeschen: avertéierten) Zougank dozou gestalt sech zimlech schwéier, notamment fir déi Leit déi technesch manner verséiert sinn a fir déi déi selwer net agesinn, dass Kanner an engem gewëssen Alter wuel besser hätten, d’Original ze liesen (z.D. da vläicht och an enger adaptéierter Fassung) amplaz sech déi Geschichten dann op der grousser Leinwand oder doheem op engem méi klengem Schierm eranzezéien.
Vun dohier hunn ech dann och e Problem mat folgendem Saz: “An enger Cinematographie déi sech esou ufillt, ewéi wann een de Comic géing liesen.” Wann d’Filmindustrie mat ëmmer méi performanter Technik an dës Richtung steiert well et dat ass wat de Public wëll, wie mécht sech dann herno iwwerhaapt nach d’Méi fir eppes liesen ze wëllen? E Comic reegt d’Fantasie par rapport zu enger reng textuell vermëttelter Geschicht scho vill manner un, well een d’Ausgesi vun de Figuren jo visuell opgezwonge kritt. De Film setzt do nach aner Aspekter drop, wéi d’Mimik, d’Gestik an den Toun. Mat 3D kréie mer rëm en Aspekt dobäi an den olfaktoreschen an taktile Beräich wäerte se zu Hollywood och nach an Zukunft ofgedeckt kréien. A wat maache se duerno? Vläicht heimat d’Liese promouvéieren …
-
Ech mengen et ged een groussen Ennerscheed zweschen Gewalt, wéi se a Kick Ass (ouni en gesinn ze hunn) gewissen ged a Gewalt, wéi se z.B. an Filmer wéi “Saw” gewisse ged. Ech denken och Kanner géife bei Kick Ass mat kréien, daat et sech net em eng real Duerstellung handelt.
Bis elo hunn sinn emmer just Medien verdriwen ginn, déi méi opwänneg ze produzéire waaren (Keilschreften vs. Papyrus-Rullen vs. Handschreftlech Bicher vs. gedreckte Bicher). Kulturtechniken (Liesen) sinn awer esou gudd wéi nie verluere gaangen. Natirlech ass een Film méi “einfach” a “komfortabel” ze kucken, kann awer duerch seng heich senn-dimensional (bewegte Biller + Toun) Informatiounen(pro Zaiteenheet) par rapport zu engem Text net esou vill inhaltesch Informatiounen vermettelen. Ech ka mir virstellen, daat et immens schwiereg ass, daat Kanner ze vermettelen, déi och stänneg een Angebot un Filmer, TV-Serien, Youtube-Videoen hunn, mä irgendwéi misst daat jo méiglech sinn …Eh, Kick-Ass wëll ech och gesinn. Och wann ech mir bei esou engem gudden Review op dem Datum e bessi onsecher waar…
-
Chris:
Ech hunn d’Comics net gelies (ech kann mech iergendwéi net mat deem Medium ufrënnen), mä de Film huet mer wierkelch super gefall.Georges:
Ech mengen hei hu mer e Fall vun: Film net gesinn, d’Saach net verstaan. Et ass kee Gewaltfilm. Et ginn och keng détailléiert Gewaltszenen. De Film ass esouwäit vu Saachen ewéi Saw, deen de Joël jo och nennt, ewech ewéi een Disney vun engem Tarantino. De Film ass an Amerika vläit R (ech gleewen der dat lo mol einfach, ech sinn ze faul et nozekucken), mä dat ass Amerika, wou souguer The Matrix een R Film ass, deen am Recht vun der Welt maximal ab 15 ass, mä meeschtens 12+, a Frankräich esouguer een U (tous public). Saw ass een NC Film an Amerika, déi Kategorie iwwert R. Op esou Ratings kann een also éischter wéineg ginn, well et och ëmmer eng soziokulturell Entscheedung ass. An d’Amerikaner sinn als prüd Natioun (dat ass kee Virurteel, mä eng Observatioun vun hierem Ratingsystem) am Allgemengen extrem stramm. Kick-Ass ass hei jiddferfalls ab 15, an domatter praktesch jidderengem zougänglech. (Et ass och ee britesche Film.)Kick-Ass ass een witzege Film. E weist wat geschidd, wann een Comicgeek décidéiert, dass et Zät gëtt der Welt een realen Superheld ze ginn, an dann zimlech séier méi déif am Misère stécht ewéi e gemengt hat. Kick-Ass mécht Spaass. De Film mécht de Geck mat Actionfilmer a Superheldefilmer (de Kick-Ass gräift sech z.B. e Maschinnegewier a seet “with no power comes no responsibility”, eng kloër Referenz op Spiderman) op sou eng iwwerdriwwen Art a Weis, dass de guer net anescht kanns ewéi gröhlen. Et sprutzt kee Blut, et gëtt kee Sex (déi eenzeg Kéier wou Sex ze gesinn ass, ass vu wäitem gefilmt an si hunn “d’Box op” sou dass de just zwee ugedoen Leit gesäiss openeen sëtzen. Während där Sex Szen gëtt et ee Voice-Over, deen iwwerhaapt näischt mat där Szen ze dinn huet.)
De Film ass total absurd. En hëllt weder sech selwer serieux, nach iergendeen anere Film, nach Kino un sech. D’Charakteren sinn allesamt esou komplett iwwerdriwwen an irreal, dass de scho misst extreem beschränkt sinn fir och nëmmen eng Millisekonn ze gleewen esou Mënschen géingen et wierklech ginn.
Ech haassen 3D. Sou richteg krass. Ech ginn ee Film och net am 3D kucken, wann en och am 2D ze gesinn ass. An wann ech net mat engem Grupp ennerwee sinn, ginn ech de Film guer net kucken. 3D ass dee gréisste Schäiss.
Ech hu Comics iwwerhaapt net gären. Ech hunn x-mol probéiert mech domatter unzefrënnen, ech hunn Graphic Novels gelies, ech hunn duerch Comic Bookshops gestöbert, ech hu mer Saachen vun Aficionados recommandéiere gelooss. Et ass einfach näischt fir mech. Ech kann déi Zeechnungen net appréciéieren (net, dass ech net wéillt, et ass einfach kee Medium dee mech usprécht), an ech brauch méi ewéi e puer Zeilen Text pro Säit. Mä am Kino funtkionéiert dat fir mech. Et ass och emol keng Technologie, déi net och scho virun zwanzeg Joer gouf. Et ass einfach d’Auswiel vun de Faarwen an enger Szen, d’Kameraféierung, d’Schnëtt, déi esou ausgeluecht sinn dass se ausgesinn ewéi ee Frame aus engem Comic.
Ech hunn während ech op meng Kolleegen gewaart hunn iwwregens am Café eng honnert Säiten vun engem Roman gelies.
Ech froe mech ëmmer ewou déi Opreegung hierkënnt, dass kee Mënsch méi liest. Ech kennen kaum een, deen net ëmmer ee Buch an der Täsch huet. Fir mech ass dat alles Schwaarzmolerei. D’Telé huet jo deemols och de Radio zerstéiert. Ech lauschteren haut trotzdem nach schrecklech gäre Radio.
-
deng beschreiwung bzw dei review ass sou verfasst dass een sech dat ganzt ganz anescht fierstellt wei wann een den trailer dann mol ukuckt wou een effektiv geseit dass et eischter an der zone fun zombieland schwierft wei an deer fun reservoir dogs.
fleit bessen mat der fäkalien an phallus sprooch zereckdreinen dann gin et keng messverständnisser :Pwou mer grad bei super hero filmer sin geing ech Defendor recommandeieren, ähnlechen gedanken mei deifgrenneg weineger over the top komödie.
-
Et gëtt keng eng Persoun hei déi deen Trailer nach net gesinn huet, well de Film zanter Méint gehyped gëtt an et eng Tonn Preview Screenings duerch d’Land goufen. Ech si beim Schreiwen dovunner ausgaangen, dass de Film och zu Lëtzebuerg esou bekannt wier. Mä do wäert de Film a gudder Utopolis Manéier wuel eréischt an fofzeg Wochen ulafen.
Kennen Defendor net, muss mer deen dann och emol ukucken. Merci fir den Tip. :)
-
also ech hat nach net fun deem film heieren dofier wor meng eischt reactioun eischter: häh wat der deiwel ass dat do fier en film an ass den thierry lo den satanisten beigetrueden oder wat ?
mais lo wou ech den trailer gesin hun an deng eendeiteg begeeschterung wuel heescht dass den film dem trailer gerecht gett freen ech mech och deen kucken ze goen :D -
Nodeems ech d’Traileren gesin hat (dee mam gréngen an dee mam roude Band!), hun ech mer mol de Comic ugekuckt an d’Geschicht fir immens fonnt. Dat doten ass ë Film op deen ech méch fréen.
Ass ën dann an England schon eraus? Ech duecht, ë kéim éischt am Mee eraus?
-
E leeft zanter dem Freideg d’läscht Woch hei. Ka sinn, dass en zu Lëtzebuerg eréischt am Mee uleeft, wann iwwerhaapt… Oft gesäit ee britesch Filmer zu Lëtzebuerg jo iwwerhaapt ni.
-
Also, ech wäert mech lo net weider zum Kick-Ass u sech äusseren.
Mä Thierry, ech wëll zu dengem “Oft gesäit ee britesch Filmer zu Lëtzebuerg jo iwwerhaapt ni.” einfach mol soen, dass de mer ee Land op der Welt nenne solls an deem s de et als Kinogänger esou gutt hues, wéi zu Lëtzebuerg. An nenn mer dee leschte bekannte britesche Film, deen net a Lëtzebuerg gelaf ass. Dat ass net d’Schold vum Land, mä vun der internationaler Distributioun.
-
Do fällt mir nach an. A Punkto Comics.
Souguer wann s de kee Fan vum Genre bass, probéier dach einfach mol fir “Watchmen” a “Maus” zum Beispill ze liesen, wann s de et nach net gemaach hues. Wann der déi graphic novels net gefalen, da leeën ech meng Waffen néier an akzeptéieren, dass et einfach net denges ass. -
Ass Lesbian Vampire Killers zu Lëtzebuerg gelaf? Wann hunn ech dat definitiv verpasst, an ech fannen de Film och net am Archiv vum Utopolis. Okay, ‘t ass wierklech kee Film deen ee muss gesinn hunn, mä en huet hei awer eng ganz Rei Leit an de Kino gezunn (dat war awer vläit och nëmmen e lokalt Phänomen, wéinst Gavin&Stacey, dat gréisstendeels zu Cardiff gedréit gouf mat der Behaaptung dat wier Barry – wat en Dreckslach ass).
Mir ass och duerchaus kloer, dass een et vum Emfang hier zimlech gutt zu Lëtzebuerg huet. Ech fannen hei hunn ech et awer och gutt, Un Prophète ass op franséisch gelaf, The Girl With the Dragon Tattoo leeft grad op Schwedesch…
A natirlech ass dat d’Distributioun, ech sot jo och néierens et wier d’Schold vum Utopolis. (Och wann mir den Utopolis mat sengen onfrëndleche Leit, sengen total iwwerdeierte Präisser an senger lächerlecher Disorganisatioun net geet.)
Maus kennen ech net, mä mäi Matbewunner hat et läscht Joer mat Watchmen probéiert. Déi eenzeg Graphic Novel déi ech wierklech komplett gelies hunn, sinn Serenity Volume 1 an 2, well ech wollt wëssen wat tëscht der Serie an dem Film geschitt. Mä déi hat ech och an e puer Minuten duerch, an d’Biller sinn u mer laanscht gaangen ewéi Reklammen am Bushaischen. Ech wéinscht, ech kéinnt se appreciéieren, mä um Enn vum Dag ass et fir mech just rausgeschmassent Geld well ech näischt draus zéien. Amfong ass dat och net schlëmm, ech bleiwen dann halt bei Romaner a Gedichtbänner. :)
-
Ech zitéieren den Georges: “Kléngt fir mech wéi ee Film deen d’Welt net braucht.”
Ech hunn en gesinn an dat do trëfft et relativ gutt fir mech.
-
Ech kéinnt mer esou ee Film och sécherlech net all Dag undoen, mä mir huet e Spaass gemaach, an ech géing en och nach eng Kéier kucken. Mä et ass jo och gutt, dass net all Mënsch dat selwecht gefällt, da wier d’Liewen zimlech langweileg. :)
Leave a Reply