Skip to content

Véieranzwanzeg

Ech hunn e Samschdeg mat engem rouegen awer flotten Owend am klenge Krees a mäi Gebuertsdag eragefeiert, esou ewéi ech et am léifsten hunn. (Fotoe ginn et fir déi Leit mat Accès op der gewinnter Websäit.) A wéi mer um Enn bei mir doheem souzen an dem Tim Minchin säin so fucking rock op E4+1 gekuckt hunn, hie seng Zougab gesongen huet iwwert d’Welt déi net perfekt ass awer trotzdem voller Wonner, an op eemol jiddfereen vun eis roueg ginn ass, hat ech fir e kuerze Moment alles wat zielt: mir ass dat herrlecht Zitat duerch de Kapp gaangen, dat de Grommel virun e puer Deeg geblogt huet, an ech war vollkomme glécklech. An nodeems all Mënsch heem war an d’Meedchen nieft mer louch ze schlofen, an ech et einfach nëmmen ugekuckt hunn a säin Ootmen gelauschtert hunn… Kennt der dat, dass der esou erfëllt sidd datt äert Häerz dat bal net aushällt?
Elo wou mäi Gebuertsdag no engem geniale Weekend dann offiziell eriwwer ass, an ech mech déi nächst Woche muss dru winnen eng aner Zuel ze nenne wann ee mech freet ewéi al ech sinn, verstinn ech mengen ech ë bësse méi wien ech sinn: ech fille mech net ewéi véieranzwanzeg – ech fille mech mol nach ëmmer net ewéi nonzéng – an et spillt och guer keng Roll ewéi al ech sinn. Ech existéieren, an ech hunn dat onvirstellbart Gléck meng Existenz mat wonnerbare Mënschen dierfen ze deelen. Dat ass méi ewéi ech mer jemols kéinnt wënschen.

2 thoughts on “Véieranzwanzeg”

  1. Jojo, ech muss mech esou lues em eng Plaz am Altersheem këmmeren. :)

    Merci!

    Jo, dat Zitat ass wierklech wonnerschéin. Onheemlech traureg, mä doranner läit grad seng Schéinheet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *