Et ass kee Geheimnis, dass ech Mozilla net kann ausstoen. Hier Produiten si schlecht bis miserabel, an déi éiweg Propaganda nervt mech genau sou vill ewéi de permanente Kampf tëscht PC a Mac. Wat se sech awer hei geleescht hunn, ass definitiv ënner aller Sau. Si kënnen sech jo elo probéieren schéin erausrieden, mä et ass a bleiwt eng absolut Frechheet.

… earlier today a friend linked me to Mozilla’s new JetPack design and my jaw dropped. The design goes well beyond imitation – they literally copied images straight off of our site. Maybe they thought we were open source, too? The best part of all of this is that we actually sent Mozilla a proposal for this same project.

Méi hei.

Tags

13 responses to “Mozilla, oder: Gutt geklaut ass d’hallew Aarbecht”

  1. Do huet jo awer wuel éischter net Mozilla sélwer den Design geklaut gehat, mee een vun den fräie Matarbeschter.

  2. Mozilla? Dat sinn dach déi, die deen schwéierfällegen Firefox Browser maachen?

    Eng Zäit laang hunn ech deen wierklech gutt fonnt, haaptsächlech wéinst den Extensions. Mee lo fannen ech en einfach just Schrott. Chrome & Extensions rule! Och um Mac.

    An jo, dat schéngt ferme kopéiert …

  3. Update: I just got off the phone with the team at Mozilla, who apologized and clarified a few things. The design which used our site’s design elements was a development build and according to them the design has been changed in newer builds. That said, it was used in their launch video as well as their blog post announcing the product. They told me that that the team who put together the blog post and video was unaware of the similarities at the time of inclusion. We’ve asked for a public apology, and I’ll be doing a follow-up post tomorrow.

    Ech verstinn net, wéi Leit sech esou an hieren Haas erafriesse kennen. Emsou méi witzeg, daats du selwer behaapts, déi “permanent Propaganda” géif dech nerven, selwer awer soss naischt aaneres brengs an anscheinend jo och genee den Typ Mensch unzidds, deen an den Kommentaren dann domadder virun fiert. Ech verstinn et net.

    Mä mat Linux wier daat bestemmt net geschidd.

  4. Dat war dat wat ech gemengt hunn, wéi ech sot: “Si kënnen sech jo elo probéieren schéin erausrieden”. Ze behaapten, hiert Team hätt net gewosst, dass es et eppes gëtt wat exakt d’selwecht ausgesäit, fannen ech zimlech schwaach. An elo ze soen, si hätten et jo geännert, ass och schiel, well si hunn de Produit der Press mat engem geklauten Design presentéiert.

    Ech schloe nëmmen géint Mozilla, wann ech entweder erëm selwer muss iergenwelch Hacks fannen fir dass de Firefox korrekten HTML/CSS versteet, oder wann ech esou Saachen ewéi dat hei liesen. An ech hunn och keen Haass, soss géing ech meng Deeg domatter verbréngen sou Saachen ze sichen, an ech sinn nëmmen heiriwwer gestolpert well et op Clients from Hell verlinkt gouf.

    Wien a wat kommentéiert gëtt kann ech net beaflossen.

    Ech hu Linux och net gären. Haha. :P

  5. Ah, an Grommel: Chrome suckt. Well all Chrome Installatioun huet eng eenzegarteg ID, déi dech iwwerall um Internet kann identifizéieren. Mä wien Google benotzt, brauch jo kee Privatliewen.

  6. vu dass op dengem blog an leschter zeit öfter bashing- an nie fanboy sachen stin muss de domader liewen dass eng gewess impressioun entsteet ^^ ech muss mer och öfter soen dass dat hei en blog ass an net den ganzen thierry deen ech hoffentlech nach halbwegs kennen.

    bzw zum thema nenn mier eng eenzeg grouss firma bei deer nach keen sou faux-pas fierkomm ass ? mM onausweichlech well corporate strukturen iergendwann sou grouss sin dass de einfach d’kontroll iwer den contenu verleiers. gesin dat all joers wann ech bei mengem papp an der boite schaffen. kloer ass et scheiss mee ech ging dofier net en ganzen produit verdeiwelen, wat mech op den nächsten punkt brengt wei een browser recommandeiers du dann ? scheinbar benotz de jo och den ff ?

  7. Wann ech Fanboy Saache schreiwen, reegt sech dach och all Mënsch op. ;P

    Wahrscheinlech kënnt sou eppes fréier oder spéider bei all grousser Firma fir, jo. Ech verdeiwele jo och net dowéinst hier Produiten. Ech hu Firefox probéiert (ënnerstëtzt HTML an CSS just grenzwerteg), Thunderbird (huet meng Systemresource gefriess an war trotzdem saulues), Songbird (nach méi onbenotzbar wéi iTunes). Meng Erfahrung ass eben, dass hier Software onbenotzbar ass, an dofir verdeiwelen ech se.

    Ech benotze Safari. Net, well e mer gefällt, mä well e mer no éiwegem Testen (och vu méi klengen, onwichtegere Browseren) als dat klengsten Iwwel virkënnt.

  8. Ech froe mech jo nach emmer, wéis de daat hikriss, daat Mozilla-Produkter bei dir net funktionéiren, an och den enzegen Browser, deen net-css3-Saachen net esou ugewissen huet, wéi ech wollt, waar Opera. Vilaischt haas du einfach Pech (wéi ech eng Zait laang mat Safari). Oder et lait un OS X. Sonbird ass jo iwregens keen direkte Produit vun Mozilla, bei mir verhällt et sech awer emgedréint wéi bei dir, an daat obwuehl iTunes null Dateien verwalt. Waat geschidd, wann ech dem Stegosaurus eppes ze verwalte ginn, well ech guer net wessen.
    (Mat Linux wier daat alles net passéiert.)

  9. “vu dass op dengem blog an leschter zeit öfter bashing- an nie fanboy sachen stin muss de domader liewen dass eng gewess impressioun entsteet ^^ ech muss mer och öfter soen dass dat hei en blog ass an net den ganzen thierry deen ech hoffentlech nach halbwegs kennen.”

    Mat “an leschter zeit” mengs de déi lescht véier Joer? ;)

    Ech benotzen Firefox zënter, dass ech en Internetuschloss hunn an hunn en ëmmer gutt fonnt, well e genee deem entsprécht, wat ech brauch. Ech hu Google Chrome an Safari och op mengem Mac installéiert, mä benotzen se net, well se net sou gutt op d’Aart a Weis wéi ech den Internet benotzen zougeschnidde sinn. Wat do geschitt ass, wëll ech lo net beuerteelen, bis dass ech méi weess. Et ass hinnen e Feeler ënnerlaf an se schénge bereet, dat zou ze ginn. Wou ass also lo de Problem?

  10. Dir sidd jo souwisou alleguerte Lieser déi ech am léiwste lass wier. Ausser de Pa. De Pa ass cool.

    Sou.

    Ech sinn eben onzefridde mat Mozilla. Mäi Blog, meng Meenung. Mir ass et egal, mat wat aner Leit hier Emaile kucke ginn oder hier Musék lauschteren, dat beaflosst mech jo net. :)

  11. Pass op, wann d’Anne bis bei der kommentéiert. Dann wënschs de der, mir géifen kommentéiren. :P

  12. Ech wäert weiderhin de Chrome (op Mac) benotzen. Deen ass einfach a séier. Sou wéi et sinn soll. D’Paranoia kann ech net deelen.

  13. Hehe, witzeg Diskussioun, hei. Ech benotzen iwweregens Safari, Firefox a Chrome um Mac, jee no Besoin, jee no Laun. Ech drénken och net gären all Kéier dee selwechte Single Malt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *