Cwm Rhondda

by

Andréck vun enger spontaner Wanderung duerch d’südlecht Enn vun de Rhondda Valleys (“kum ronnða”): Pontypridd, Trehafod, Llwyncelyn a Porth.

Tags

8 responses to “Cwm Rhondda”

  1. Interessant. Also, och de Besch. Du wees wahrscheinlech nix doriwer, wéi déi Bescher bewirtschaftet ginn oder net? ;-)

  2. Wat stells du Froen. Ech ka jo mol keng Eiche vun enger Fichte ënnerscheeden. Et stinn awer iwwerall Schëlder, wien de respektive Fierschter ass. Ech knipsen dat dann d’nächste Kéier. :)

  3. Ja, mä daat heescht jo scho mol daat et een Fierschter ged an et demno wahrscheinlech net a privater Hand lait. Daat ass scho mol wichteg Informatioun. A pardon, mä daat *ass* einfach interessant.

  4. Souwäit ech weess, sinn all d’Weeër an de Valleys entweder a staatlecher Hand oder an der Hand vun der jeweileger Gemeng.

    Ech sot jo net, et wier onintressant. Mä ech sinn definitiv net déi Persoun, déi der sou Froen ouni mat der Wimper ze zucken beänwerte kann. ;)

  5. Interessant souvill Facetten an engem iwwersiichtlechen Beräich (wann s de an engem Dag doduerch getrëppelt bas) ze gesin. Hues de déi Fotoen déi net Detailfotoe (wéi d’Baache) sin gefiltert oder as dat dat wou s de aus déngem Apparat kriss?

  6. Jo, dat war alles an engem Nomëtteg.

    Ehm, si mer grad net sécher u wéi engen ech gekniwwelt hunn, ech weess awer dass ech un der leschter Foto an der éischter Rei definitiv ronderem gespillt hunn, well do war d’Beliichtung katastrofal schlecht. Enges Dags verstinn ech och, wéi dat mat deem ganezn F8.0 an 1/250 asw. funktionéiert. :D

  7. Argh, richteg liesen an dann eréischt änweren, Thierry!

    Ech hunn bei e puer elektrësch Kabelen am Himmel erausgeholl oder Colasbécksen déi um Wee louchen. Mä soss ass awer zimlech alles d’selwecht. Soss géing déi 5. an der zweetläschter Rei net sou mies ausgesinn. (Ech sinn ee faulen Hond. Ech kéinnt déi wierklech verbesseren. :D)

  8. MacKeith

    Dat mat F8.0 (Blend 8) an 1/250 (Beliichtungszäit) ass méi einfach, wéi di Zuelen dat duerstellen.

    Grondblenden (“Grond” well dat mat der Brennweit vum Objektiv zesummenhängt) sinn an der Regel:

    2 — 2,8 — 4 —- 5,6 — 8 —- 11 —-16 —- 22 asw

    a) Eng Blendestuuf no uewen (d. h. zoumaachen), vun 8 op 11 heescht, Luucht déi duerch dein Objektiv erakënnt, ass zu 50% reduzéiert.
    b) Eng Blendestuuf no ënnen (d.h. opmaachen), vun 8 op 5,6 z.B. heescht, Luucht déi duerch dein Objektiv kënnt, ass zu 200% – also duebel esouvill.
    (A béide Fäll e logarithmesche Wert vun 0.3 – entziffert get 2 (Zwee). 2 ënnert dem Brochstréch get 1/2 bei a), an bei b) ass 2 iwwert dem Brochstréch, deemno 2/1)

    Anescht och nach: eng Blendestuuf zoumachen (vun 8 op 11) fuerdert, duebel esou laang beliichten (1/125 anstatt 1/250 Sekonn)
    an eng Blendestuuf opmachen (vun 8 op 5,6) erlabt, d’Beliichtungszäit ze verdueblen (1/500 anstatt 1/250 Sekonn).
    Wat Beliichtungszäit méi kuerz ass, wats de eng Bewegung besser um Bild agefréiert kriss.

    Wat een Blend méi wäit zoumecht, wat Tiefenschärfe op dengem Bild méi grouss get. Wann een Tiefenschärfe just op een eenzege Punkt am Bild fixéiere wëll, mécht een Blend esou wäit op, dass just Randstrahlen vum Objektiv eliminéiert ginn d.h. di gréisst, rsp. di 2. gréisst Blend. Doduerch dass dann Blend esou wäit op ass, muss een mat der Beliichtungszäit den Liichtafall korrigéieren, soss ass d’Bild iwwerbeliicht.

    Mee elo wärten d’Besserwësser sech mellen ;-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *