Ech hätt net domatter gerechent. Ech sot him, hatt kéint ëmmer laanscht kommen wann et wéilt – natierlech. Mä nodeems ech et eng Woch net gesinn hunn, ass et surreal elo seng Stëmm aus der Stuff ze héieren ewéi et mat menger Matbewunnerin schwätzt. Ech héiere säi Laachen duerch meng Kopfhörer: ewéi e klengt Kand dat sech an seng Kuscheldecken awéckelt ëmaarmt mech déi onschëlleg Liewesfreed déi seng Stëmm an all Silb duerch d’Haus dréit. Wann dat hei eng amerikanesch Fernsehserie wier, hätt de Hugh Laurie längst en Tumor fonnt deen erklärt firwat hatt esou douce ass, mä am richtege Liewe ginn et esou Mënsche wierklech. An an all menger Melancholie schéngen ech ëmmer nees an d’Richtung vun esou Leit ze driften.
Meng Been zidderen esou hefteg, ewéi se net méi geziddert hunn zanter am September virun aacht Joer ee Meedchen an de Bus geklomm ass, dat mäi Liewe méi sollt veränneren ewéi iergendeng aner Persoun. Reng Panik iwwerkënnt mech, mä bal am selwechte Moment erschléit mech eng Schockwell un Gléckshormoner déi duerch mäi Kierper explodéieren ewéi e Freedefeier fir de Weltfridden.
Bupp d’Sä. ;)
(nee am Eescht, Gléckwonsch)
Topert. :P
fierwat dau ?
Dau ass wallisesch fir 2. Well et d’Fortsetzung ass vun den Texter Dim (= 0) an Un (= 1). ;)
Ech hat geduecht et wier Eechternoacher fir “du”. (Ass et och.)
Et ass och däitsch fir “dümmster anzunehmender User” :)
(Ech hat gemengt mëttlerweil hätt jiddfereen gemierkt, dass ech all leschten Dag vum Mount en Text iwwer d’Meedchen a mech posten. Trei Lieserschaft, my ass. Haha. ;P)
Ech kann iwwregens guer keen Eechternoacher. An fir mech heescht déi Stad Ierchternach. :D
also ech losse mer net ennerstellen hei ech geing net wessen wats du bloggs :P.
mais google huet mer fier dau nemmen den dümmst anzunehmenden user rausgespaut wosst net datt et ab lo och nach mandatory ass fier wallisesch ze kennen hei.
Perfekt wallisesch ze schwätzen wor nach ëmmer Viraussetzung hei, haha.
(Wéi wann ech selwer méi wéi 50 Wierder kéinnt lol.)
“Ierchternach”…
Ech widderhuele mech, mä wou kënnt do deen “r” hir? Et ass mer e Rätsel firwat souvill Leit den Numm vu menger Stad net schreiwe kënnen.
Net opgepasst, ‘tschëllegt. Normalerweis schreiwen ech et ouni “r”.