Vun all de Plazen a Stied wou ech dëse Mount war, vermëssen ech Liverpool bei wäitem am Meeschten. Et huet sech ugefilt ewéi meng Stad: ech sinn aus der Gare komm an ech wousst direkt, dass ech mech do géing wuelfillen. Ech sinn duerch d’Stroosse getrëppelt an ech hu mech richteg gefreet do ze sinn, obwuel ech vu Liverpool genee sou wéineg ewéi vun all den anere Statioune wousst wat mech géing erwaarden. Et ass ewéi wann ech mech verléift hätt, an elo sëtzen ech hei ze verlaangeren.
Et ass dach schéin, ze verlaangeren, wann een wees, daat och no engem verlaangert ged. An Stied, an denen een sech esou wuehl fillt, verlaangeren och no engem, glew mer et!
Ech hoffen emol einfach, dass de Recht hues. Ech kann et jiddferfalls net erwaarden, erëm dohinner ze goen. Ech mengen, dëse Summer wert ech erem vill ënnerwee sinn…
Oje. Wann ech déi Foto kucken dann denken ech automatesch un d’Beatles obwuel ech genau weess datt Liverpool wäit méi ze bidden huet wéi déi (an dat wëll eppes heesche well d’Beatles sinn immens.).
Zumols d’Rodney Street hei um Bild. Do ginn et iwwer 60 agedroen Heiser, inklusiv dem Studio vum E. Chambré Hardman.
Amfong fannen ech just de Lennon faszinant, well deen deelweis e wierklech krassen Drecksak war an eng intressant Biografie huet. Liverpool huet och eng Tate Gallery an eng Onmass un alen an héichmoderne wonnerschéine Gebeier, dat fannen ech wäitaus méi intressant (bah, an ech sinn trotzdem bei d’Cavern Bar gelaatscht, ech houren Tourist :D).