Ech fille mech total asozial haut. Et war eng emotional verdammt ustrengend Woch, an dat rächt sech elo esoulues. An e puer Minute fänkt de Rugby un, an ech hu nach manner Loscht ewéi souwisou schon mech eng gefillten Éiwgekeet virun d’Telé ze setzen an Männer nozekucken ewéi se sech em e Ball zerklappen nierwt Studenten déi sech mam drëtte Liter Tesco Value Dry Cider déi läschte Gehierzell ewechballeren. Nee, ech bleiwen léiwer am Bett leien, bedauere mech selwer dass ech kee Ben & Jerry’s méi hunn, an vermeiden d’Welt einfach fir haut a freeë mech op e Méindeg wann ech dat beschte Meedche vun der Welt neess kann drécken.
Seufz
Published on
in
Comments
-
Du häss d’läschte Weekend sollten de Rugby kucken, dann häss de gesinn wéi deng “blöd” Waliser eng vun den Englänner kritt hätten. Haat ech net vrun e puer Wochen irgendwou hei um Blog geschriwwen: “ward deen nächsten 6 Nations steet scho vrun der Dier”, nee? ^^
Hues de Skins vun deser Woch scho gesinn? Dem Cook seng Episode.
-
Pah, d’lescht Woch sinn ech während dem Rugby mam K. duerch Edinburgh gelaatscht. War vill méi Spaass. Mir ass dat esoulaang ewéi breet wien an engem Rugbymatch gewënnt, d’Resultat ass ëmmer dat selwecht: d’Stroosse sinn all voller Alkien.
Jo. Ech hunn de Cook amfong net sou gär (mech faszinéiert d’Emily am meeschten), mä déi Episod war wierklech gutt geschriwwen. An de Chris Addison alt erem… top!
-
Stemmt, mee déi (onerwaart) Victoire war dach herrlech ;P
hehe… mech och. Obwuel ech dem Emily séng Episode eigentlech nach schwach fonnt hunn, mee de Cook séng war net schlecht. Obwuel dat mat Mamm-Papp hu Problemer, de Bouf hellt Drogen, da schmässt d’Mamm hien eraus/leeft fort, Bouf huet Problemer an der Schoul, irgendwéi huet dat Ganzt staarken Déjà-Vu. :S
-
Ech sot jo net, déi Episod wier eng vun de Beschten, ech sot just dee Charakter huet a mengen Aan am meeschte Potenzial. Jo, nei war dat net onbedengt. Awer gutt emgesat. Mir huet dat Konzept gefall, dass de Freddie an d’Effy déi Eenzeg sinn déi op de Cook duerginn, an dat déi zwee sinn déi de Cook net kann ronderem sech hunn aus offensichtleche Grënn. D’Effy geet mer awer zimlech op de Sak. An den éischten zwou Staffelen huet dat mer wäitaus besser gefall.
Leave a Reply