Ech weess, ech hat Inhalt versprach, mä et ass mer einfach net dono all déi Texter ofzetippen a meng Andréck nidderzeschreiwen. Ech wéinscht ech wier nach do uewen, zu St Andrews, oder soss enzwousch op der Rees. Meng Gedanke si nach ënnerwee mä mäi Kierper ass schon ërem heiheem, an dat Gefill ass déck mies.
Seufz
Published on
in
Comments
-
Flott Atmosphär agefangen. Ech weess net a wéi fern s de dech fir Nobearbeschtung interesséiers, well et der sëcher méi em d’Stëmmung wéi dat technescht geet, mee wann s de wëlls kanns de riets nach den iwwerbeliichten Himmel an d’Rei setzen.
-
Jo, dat wert ech nach maachen. :) Wéis de gesäiss war d’Nobeaarbeschtung fir de Blog hei séier gaangen, den Himmel war eigentlech wäiss. D’Wierder war zimlech schrott leider zu St Andrews. (Gesäit een och lénks beim Horizont um Mier wéi ech meng Mask net anstänneg gemaach hunn. Ass mer fir de Blog duergaangen, mä ech sinn dobäi duerch déi puer honnert Fotoen ze goen an se anstänneg opzebesseren.)
Leave a Reply