HTML5, Video an Apple

by

Et soll jo Leit ginn, ähem, déi menge Flash wier guer net esou wichteg fir de Web. Et kënnt jo elo deen neie video Tag mat HTML5, an Apple ass bekanntlech e groussen Ënnerstëtzer dovun (si hunn de WHATWG matgegrënnt, deen HTML5 entwéckelt). Fir Leit, déi sech nach net mat HTML5 beschäftegt hunn, kléngt dat och alles emol gutt: mir brauche geschwë kee Flash méi, well mer dat alles mat engem Tag kënne maachen, deen da vun all Browser ouni Plugin ënnerstëtzt gëtt.

Nee!

Et gëtt do nämlech ee grousse Problem, an dee gesäit een direkt wann ee mat Firefox (bäh!) oder Opera beispillsweis op d’YouTube Säit geet wou hieren neie Player ouni Flash virgestallt gëtt. Obwuel se allebéid HTML5 ënnerstëtzen, kritt ee just eng Feelermeldung. Firwat? Well de video Tag eben net déi Léisung ass, ewéi se vu muencher engem duergestallt gëtt. De W3C huet eng detailléiert Spezifikatioun onlängst iwwer Bord geworf, well sech déi grouss Spiller weigeren sech op ee Format ze eenegen. Mat HTML5 wäert een deemno duebel esouvill Späicherplaz brauchen ewéi bis elo. Well een de Video eemol als H.264 (fir Chrome a Safari) muss online stellen an eemol als Ogg Theora (fir Opera a Firefox). H.264 ass am Moment dominant, an en ass virun allem wat HD ugeet, a mengen Aan, de performanteste Codec. Dank Flash Player als Intermediaire kann och all Browser déi Videoen ofspille – mä fällt dee bis ewech (an dat schéngt de Jobs jo bescheuerterweis ze wëllen) kënne just nach Safari a Chrome dee Contenu ofspillen. Well Firefox an Opera sech weigere Lizensgebühren ze bezuelen (wat ech duerchaus novollzéie kann).
Wann Apple wierklech wéilt een Open Web duerchsetzen ewéi dat gäre vu Fanboys behaapt gëtt wier et héich Zäit Ogg z’ënnerstëtzen, amplaz esou géint Flash ze knuppen. Déi Firma geet mir esou lues richteg op de Sak. Ech wor ëmmer ee Fanboy, mä dem Jobs säi Gottkomplex gëtt esou lues al.

Tags

9 responses to “HTML5, Video an Apple”

  1. Vu mir aus sollen se dann Ogg Theora ennerstëtzen. Haaptsaach net deen CPU-Hog Flash …

  2. Apple ass esou verbass, dass de W3C schon virun engem Joer einfach opginn huet, well mam Jobs einfach net ze diskutéieren ass. Also ass d’Spezifikatioun fir video elo: du muss all Video zweemol um Server hunn. Et ass jo emol net esou, dass Apple sech einfach géing géint Ogg als Webstandard wieren, si ënnerstëtzen de Codec iwwerhaapt net, du kanns jo och emol keng Ogg Datei am Quicktime / iTunes / iLife / Final Cut / asw. opmaachen. (Okay, et gëtt de VLC, mä deen ass halt net vun Apple an hëlleft der am Browser och net weider.) Et ass jo schéin a gutt géint Flash ze sinn well deen halt prozesserlaaschteg ass. Mä sech dann wieren, dass d’Alternativ net kann agesat ginn, ass beschränkt.

  3. wat ass dann den hannergrond fun der weigerung ogg ze enenrstetzen ?

  4. Du kéinns och froen, firwat huet Sony BluRay ënnerstëtzt an Toshiba HD-DVD… (Alt neess ee Fall, wou dat méi schlecht Format gewonnen huet.) Mä emol ofgesinn dovun, dass Theora qualitéitsméisseg hannendran ass vis-à-vis vun H.264 – an dat Argument kënnt vum Fanboy a mer – huet Apple als Firma natierlech een Interessi drun, proprietär Formater duerchzesetzen an Open Source nëmmen z’ënnerstëtzen wann et hinnen ee Mehrwert bréngt. An Apple setzt eben mat hiere Produitë komplett op AAC an AVC…

  5. Ass et net esou, daat Apple (an Adobe?) och Patenter un H.264 (oder Verfahren, déi dodranner benotzt ginn) hunn an natirlech op Frick vun Google(Youtube) hoffen?
    Ogg, bzw. Ogg Theora (Ogg ass just den Container, et ged och eng frai Alternativ zu mp3, Ogg Vorbis) kann (nach) keen HD an et ged anscheinend gefärt, et géifen sech do och nach irgendwelch Patenter dra verstoppen, wou sech nach keen gemellt huet (et mellt een sech ereischt, wann jiddereen et benotzt, da kritt een och ordentlech eppes!)

    Apple ged mir emmer méi onsymphatesch. Wéi wier et mat engem walled-garden-Internet fir Apple-Fans? Ganz ouni Flash, Gewalt a Pornoen. Ahjo, déi néi Versioun vum Safari schaaft iwregens d’Tabs och erem oof. Wien just eng Applicatioun brauch, brauch och emmer just eng Sait.

  6. Ofgesinn dovunner ass et völleg illusoresch ze glewen daat et keen Flash méi wärt ginn, emmer méi Applicatiounen laafen duerch Adobe Air an Flash ouni Portéierung op allen drai Plattformen, waat fir vill Entweckler een enorme Virdeel duerstellt.

  7. Joel:

    Hues de e Link zu der Behaaptung, dass den Safari 5 just nach een Tab hätt? Ech gleewen dat net. Suguer um iPhone kanns de mam Safari e puer Fënsteren opman (déi allerdëngs net am Hannergrond lueden, dat suckt … mee et ass och just e Problem well den Download sou lues ass).

    A Kanner, et forcéiert iech jo keen Apple ze benotzen, oder? Benotzt dach einfach irgenden obskuren, mee fräien, Linux mat nach mei obskuren, mee fräien Formater an gut ist’s?

    Ech fannen och, dass Apple heiandsdo e bëssen méi flexibel misst sinn, mee op der anerer Säit ass den Ease-of-Use deen sie generell bidden mir et (nach) wäert. Zumools op MacOS X kann ech alles spillen oder lauschteren, wat ech brauch.

    An OpenSource ass jo schéin a gutt, mee déi meescht grouss OpenSource-Projet’en sinn och vun Big Playeren gesponsert. Wéi giffen déi och soss iwwerliewen?

  8. Addenum: an déi Big Playeren sponsoren déi natierlech, well se sech selwer och e Benefice dovunner erhoffen (oder opmanst d’Satisfactioun en aneren Big Player ze schiedegen). Ech hunn awer sécher näischt géint OpenSource usech a sinn och, zb, frou dass Sun den Developpement vun OpenOffice sou gepusht huet.

  9. Wéi wier et mat engem walled-garden-Internet fir Apple-Fans?

    Dat gouf et emol eng Kéier am classic Mac OS, an et war fuerchtbar. :)

    emmer méi Applicatiounen laafen duerch Adobe Air

    Adobe Air bréngt mäin Mac entweder zu enger Kernel Panic oder en refuséiert radikal ze lueden.

    Hues de e Link zu der Behaaptung, dass den Safari 5 just nach een Tab hätt?

    Dat war e Witz, Grommel. -.-

    et forcéiert iech jo keen Apple ze benotzen, oder?

    Ech hunn mat Linux geschafft (vill ze emständlech) an op der Arbëscht mat Windows (deen mech um Enn esou färdeg gemaach huet, dass ech einfach mäi Laptop mat op de Büro geholl hunn, an ech war mol net deen eenzegen). Mac ass halt leidergottes dat eenzegt halbwegs anstänneges um Marché (do brauch och elo keen eng Flamewar ze starten, well ech hunn schon alles un Argumenter héieren an meng Meenung ass net Fanboy mä langjähreg Erfahrung). Mä just well Mac déi eenzeg valabel Alternativ ass, heescht dat jo net ech dierf mer kee bessere Produit wënschen.

    den Ease-of-Use

    Sou gutt ass dee net. Zanter Snow Leopard zielt Apple d’Bytes zum Beispill am Dezimalsystem (dofir mengt och all Idiot, en hätt elo méi Späicherplaz). Dat heescht awer, dass sämtlech Applikatiounen (ënnert anerem och QuickTime 7) der ganz aner Dateigréissten uginn ewéi de Finder – an dat dreiwt mech emmer méi an de Wahnsinn, well ech ni weess wou ech dru sinn: passt eng 730MB Datei am Finder elo op eng 700MB CD oder net?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *