Dau
Ech hätt net domatter gerechent. Ech sot him, hatt kéint ëmmer laanscht kommen wann et wéilt – natierlech. Mä nodeems ech et eng Woch net gesinn hunn, ass et surreal elo seng Stëmm aus der Stuff ze héieren ewéi et mat menger Matbewunnerin schwätzt. Ech héiere säi Laachen duerch meng Kopfhörer: ewéi e klengt Kand dat sech an seng Kuscheldecken awéckelt ëmaarmt mech déi onschëlleg Liewesfreed déi seng Stëmm an all Silb duerch d’Haus dréit. Wann dat hei eng amerikanesch Fernsehserie wier, hätt de Hugh Laurie längst en Tumor fonnt deen erklärt firwat hatt esou douce ass, mä am richtege Liewe ginn et esou Mënsche wierklech. An an all menger Melancholie schéngen ech ëmmer nees an d’Richtung vun esou Leit ze driften.
Meng Been zidderen esou hefteg, ewéi se net méi geziddert hunn zanter am September virun aacht Joer ee Meedchen an de Bus geklomm ass, dat mäi Liewe méi sollt veränneren ewéi iergendeng aner Persoun. Reng Panik iwwerkënnt mech, mä bal am selwechte Moment erschléit mech eng Schockwell un Gléckshormoner déi duerch mäi Kierper explodéieren ewéi e Freedefeier fir de Weltfridden.