E Film iwwert déi Ondoud. Den Haaptpersonnage heescht Edward, huet däischter Hoer, ass op éiweg-jonk getrimmt well de Schauspiller méi al ass wéi de Charakter, en ass ee Vampir an e weigert sech awer strikt Mënscheblut ze drénken. De Film? Daybreakers. Jo, ech weess – amfong kléngt déi Beschreiwung ewéi de Meedechersschwarm Mësshandler aus Twilight. Mä deen heiten Edward ass cool. Well en verléiwt sech net, an en huet och keen groussartege Problem mat Mord. Daybreakers ass gory. Et fléien Organer duerch d’Bild, eng ganz Rei Leit kréien de Kapp erofgerappt, d’Blut sprëtzt nemmen esou iwwert de Bildschierm. An trotzdem: Sozialkritik gëtt et och. Net vill, mä genuch fir de Film net an d’läscherlecht ofdriften ze loossen. Well: wat geschidd, wann mir alleguerten Vamnpirer sinn, an eis d’mënschlecht Blut ausgeet, dat mer zwéngend zum Iwwerliewen brauchen?
Daybreakers ass bestëmmt kee Meeschterwierk. Mä wat de Vampirgenre ugeet ass et dat éischt passabelt dat een sech kann undoen zanter Interview with a Vampire. Just schwaach Nerven dierf ee keng hunn. Ennerhalsame Popcornkino fir fréi owes, ier een eppes anstänneges mat senger Nuecht ufänkt.
Leave a Reply