D’Musékindustrie kann mech emol kräizweis. Ech hunn Éiwegkeeten gebraucht fir den Titel vum Lidd erauszefannen dat bei Defying Gravity leeft, während den Donner d’Zoe “tréischten” geet well et net ugeholl gouf fir d’Antaresmissioun. TV.com huet d’Änwert net kannt, Yahoo! Answers huet d’Änwert net kannt, Google huet d’Änwert net kannt. “Come to the Light” heescht et, an et ass vum Dane Deviller. An et ass eng wonnerschéin Pianoballad.
Thought I saw a spark from a distant fire,
didn’t know what my own heart desired –
there must be something to curse the dark
cause then she answered the call
from my unknowing heart.
My angel of the night
has brought me to the light.
She has come to, she has come to
she has come to life
for me, for me…
Tjo. An et gëtt d’Lidd net ze kafen. Néirens. Well ausser, dass et fir déi Folg opgeholl gouf, gouf et ni veröffentlecht. An esou eppes mécht mech engersäits verdammt sténkeg, an anerersäits onheemlech traureg. Et wier dach hautzedags wierklech einfach ouni iergendwelch Käschten dat Lidd online verfügbar ze maachen. Ech géing jo och gären dofir bezuelen.
‘Defying gravity’? Ech hat och ugefang se ze kucken well mer den 2001-Feeling gefall huet. Mee storywise ass et mir awer zevill soapy …
Deng Mamm ass ze vill soapy, Grommel. Alles un der Serie war absolut perfekt. (virun allem d’Zoë. Hach, alleng deen Numm schon!) Ausser, daat se oofgesaat ginn ass.
Joël: wann s du op Beverly Hills 90210 am Weltraum stees, da verstinn ech deng Meenung ;)
Wéivill hues du dann gekuckt??? Et war klaustrophobesch Science Fiction vum Feinsten. Ech wéinscht si wier net ofegsat ginn, ech hätt ze gären erliewt wéi se all déi aner Objekter siche ginn. En plus hunn se verdammt vill Léiwt zu Detail gewisen – déi Weiderentwécklung vum iPhone, d’Referenzen op Konsequenzen vun feelgeschloenen Klimakonferenzen ufanks des Joerhonnerts (wann een gudd oppasst, gëtt een zum Beispill eng Kéier gewuer dass et de Great Barrier Reef net méi gëtt). An dat Element vun Relioun dat d’Paula erabruecht huet war immens faszinant, zumols an de spéideren Episoden wou d’Entdeckung vum Beta an d’Revelatioun wat wierklech hier Missioun ass déi ganz Crew komplett aus dem Ruder werft.
Grommel: Wéivill Episoden hues du gekuckt? Eng? Eng hallew? Do waar vill méi dohannert, nämlech een big fucking 2001-mindfuck-Plot.
(Et ass iwregens als “Grey’s Anatomy in Space” gepitcht ginn.)
(Hihi. Ech sinn eendeiteg méi een Kirk, während den Thierry méi een Picard ass. GROOOOOOMEL!²)
²Ween d’Upsillung fënnt, ass een Nerd.
De Picard war souwisou vill méi cool ewéi de Kirk. :D
Dass se als “Grey’s Anatomy in Space” gepitcht gouf huet iwwregens den Dréibuchauteuren extreem mëssfall. Well et dat guer net ass.
Ech hunn 8 oder 9 Episoden gekuckt. An Deeler hunn ech ganz gutt fonnt. Just die Soap Elementer si mer op de Keks gaang.
De Kirk an de Picard woeren cool, mee den Sisko därf een awer och net vergiess!
Et goung jo guer net drëm, d’Kapitänen no Coolness ze uerdnen. Et goung em d’Charakterzich vum Kirk (impulsiv ¹) an vum Picard (diplomatesch ¹). Weder de Joël nach ech sinn de Sisko (paternalistesch ¹), oder d’Janeway oder den Archer. Kloer war de Sisko och cool. ;)
¹ Dat sinn natirlech Vereinfachungen.