The Third & The Seventh

Et gëtt momentan jo vill driwwer diskutéiert, wéi genial d’Spezialeffekter am Avatar sinn. Ma ech muss iech eppes soen: Avatar ass der Zäit ongeféier zéng Joer hannendran. Dat hei ass hautzedags méiglech: absolut perfekte Realismus mat honnert Prozent Computeranimatioun. Dat muss ee gesinn hunn.
Onbedéngt am HD an op vollem Bildschirm kucken, well et ass dowert – de Kuerzfilm ass net nemmen inspiréiert, inspiréirend an wonnerschéin, mä setzt ee komplett neien Standard wat CGI ugeet. Virun allem den Daach vun der Bibliothéik deen opgeet, an de Bësch mat den onwahrscheinlechen Detailer verschloen mer d’Sprooch. Wann et jemols een kreativen Genie gouf, dann ass et den Alex Roman.

Kill me now for there is nothing greater to come.

Published on

in

Comments

  1. Impressionant. Och wa mer bessi zevill Onschärfteneffekt dra hun. Natiirlech ass dat do am Verglach zu ganzen belieften Welten “einfach” ze kreéieren

  2. En effet impressionant! A wonnerschéin.

    Mee Gebäier, a suguer Planzen, sinn mei einfach realistesch ze simuléieren wéi Déieren, let alone den Homo Sapiens. Wat awer net heescht, dass dat die Effekter do irgendwéi schlecht mëcht!!

    Duerfir nach eng Kéier: wow :)

  3. Se sinn net schlecht, mä fir ze behaapten, dass se besser wéi déi an “Avatar” sinn, fannen ech net korrekt, well deen do Video keng humanoid Wiesen oder Déieren dran huet zum Beispill. Et gëtt och kaum bis keng Bewegungen an deem Video. Et ass just e Bild wat steet an dofir net sou “schwéier” ze kreéieren.

  4. Ech kucken et elo express net, wëlls du gesoot hues, et misst een et kucken.

  5. Joel:

    D£i Pech, da verpass de eppes Impressionantes ;)

  6. Thierry:

    Sou eng Grafik am 3D kombinéiert mat taktilen Sensoren a mir hunn en realisteschen Holodeck :)

    Voir eng Matrix.

    Wa mer net schon an enger liewen ;)

  7. benem

    Wahnsinn!
    Hei nach ee klengen Making of / Compositing Breakdown:

    http://vimeo.com/8200251

  8. De Film as wierklech absolut genial, mee (wéi emmer) as net alles Gold wat blénkt. Et as nämlech (wéi een och am Making of kann gesin) net alles CGI, wéi z.B. den Himmel asw.! Trotzdem as et een absolut Meeschterwierk an engem Avatar Längten firaus.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *