Dëst Joer gett an enger anerer Stad gefeiert. Et war jo wierklech null lass an der Stad. Eidel Stroossen, eidel Caféen, an de Chrëschtmaart – vun deem et jo sou glorräich geheescht huet en hätt fräi Nuecht – war och komplett zou (okay, d’Luuchten hu nach gebrannt, dat heescht zu Lëtzebuerg wahrscheinlech fräi Nuecht).
A cette occasion, les chalets du marché resteront également ouverts jusqu’à 03h00 heures.
Ma villäicht geet dem Helminger seng Auer och einfach e puer Stonnen falsch.
Den 31. Dezember 2010 feieren ech enzwouch anescht. Egal wou. Et kann jo nemmen besser sinn am Ausland.
Anscheinend woren jo just nach ë puer Iess/Drénk-Chaleten op (bis 12 Auer oder sou). Ass jo kee Wonner: Wien geet Sylvester um 11 Auer eppes dohinner kaafen?
Natirlech wier et onsenneg fir sämtlech Buden mat Krimskrams opzeloossen bis 3 Auer. Mä wéi mir um 2 Auer dohinner koumen stoungen nach ee ganzen Koup Leit virun den zouenen Iessbuden – an dann geet een awer alt erem bei den Türk, well dat ewéi all Joer deen ass deen eng Tonn Geld an d’Keess kritt, well en als eenzegen schlau genuch ass fir opzeloossen. A kenger anerer Grousstad op der Welt wier et och nemmen denkbar, dass een no 23 Auer néierens méi eppes z’iessen kritt. Firwat kritt Lëtzebuerg dat net hin, wou mir d’Nues dach gären zéng mol méi héich hierwen ewéi all déi aner…
Ass et an dengem virege Kommentar als Induktioun oder als Deduktioun ze verstoen, dass Lëtzebuerg eng “Grousstad” ass? (sorry, Philo ass laang hier bei mir ;-))
Et war nemmen puren Sarkasmus. ;) Lëtzebuerg ass keng Groussstad, an esou wéi et ausgesäit gëtt et och ni eng.
(Mä: Induktioun -> vum Speziellen op dat Allgemengt schléissen, an: Deduktioun -> vum Allgemengen op dat Speziellt schléissen).