The End of Time

by

Den 1. Januar stierft en, dee coolsten Dokter vun hinnen all. An dat lescht Kapitel ass esou schéin düster, esou melancholesch, esou schwéierfälleg. E brécht an Tréinen aus, en gëtt zou dass en aleng ass, beicht dass e vill Feeler gemaach huet, färt den Doud ewéi och all Mënsch färt. De Master schwelgt an Erënnerungen un déi rout Wise vu Galifrey, an et gesäit een ewéi en endgülteg Opfer vu sengem eegene Wahnsinn gouf. An och wann de Master mengt, hie kéint säin Zil areeche – lues a lues fügt sech d’Bild zesummen ewéi ee Puzzel, zu engem bombastesche Cliffhanger dee kee jeemools kéint virausgesinn…

I’m travelling alone. I thought it was better, but I did some things… it went wrong.

The noise… The drumbeat… Louder than ever before. The drums… The neverending drums. Oh, I have missed them.

And so it came to pass that the players took their final places, making ready the events that were to come. A madman, sat in his empire of dust and ashes, little knowing of the glory he would achieve, while his saviour looked upon the wilderness in the hope of changing his inevitable fate. Far away, the idiots and fools dreamt of a shining new future, a future now doomed to never happen. As Earth rolled onwards into night, the people of that world did sleep and shiver, somehow knowing that dawn would bring only one thing: the final day.

Tags

4 responses to “The End of Time”

  1. Kléngt interessant! Mengs de et kann een déi Episode och kucken, wann een de Rescht vun der Serie net gekuckt huet (awer den Dr Who usech kennt)? Oder soll een besser kucken fir sech die ganz Season ze beschafen?

  2. Et kann duerchaus sinn, dass der d’Episod och esou gefällt. Mä dat ass ongeféier esou ewéi dat lescht Kapitel vun engem Buch ze liesen wann een just weess wat hannen um Cover steet. Vläit appreciéiert een dass et gudd geschriwwen ass, mä wierklech verstoen wat geschidd deet een net, ganz einfach well een d’Charakteren net kennt an net weess wéi eng Evenementer zu deem Punkt gefouert hunn. Dofir géing et och näischt bréngen, just eng Staffel ze kucken, well alleguerten déi mam 10. Dokter relevant sinn (an souguer déi lescht mam 9. Dokter fir den ganzen Handlungsstrang em den Jack kënnen nozevollzéien). Eng ganz Season gëtt et dëst Joer och guer net, et ginn dëst Joër just 3 Specials.

    Essentiell Episoden sinn The Waters of Mars, The Runaway Bride, Utopia, The Sound of Drums, Last of the Time Lords, Bad Wolf, The Parting of the Ways, Army of Ghosts, Doomsday, The Stolen Earth , an Journey’s End. An Children of Earth, déi drëtt Staffel vun Torchwood, soss versteet een déi Torchwood Referenzen och net, an et gëtt e bëssen onverständlech firwat den Jack opdaucht. :)

    An dann ass och net vun Nodeel ze wëssen, dass den Dokter Galifrey an d’Timelords ausgeläscht huet.

  3. Jeje, kléngt komplizéiert ;)

    Emmerhin hunn ech Children of Earth gesinn.

    Hu lo mol ‘Waters of Mars’ erofgelueden. Wann ech all die aner bräicht wier dat natierlech bessen zäitintensiv … nujee, mol kucken ;)

  4. Ass et och. Déi Serie leeft jo elo schon iwwer 4 Joer, an elo kulminéieren all déi Handlungssträng. ;) Wanns de Water of Mars gesinn hues, weess de awer emmerhin wat e mengt wann e vun de Feeler schwätzt déi e gemaach huet. :)

    Crashkurs:

    Den Master ass een Timelord, deen d’Ausrottung vun den Timelords iwwerliewt huet well en zu deem Zäitpunkt ee Mënsch war. Den Dokter, den Jack (wéi fir d’éischte Kéier bei Torchwood verschwonnen war) an d’Rose hunn de Master um Enn vum Universum fonnt (an de leschte Momenter, net um Rand), wéi deen probéiert huet iergendwéi d’Enn z’iwwerliewen. Als Mënsch war den Master gudd, mä wéi en erem zeréckverwandelt gouf ass en sengem Wahnsinn zum Opfer gefall. En huet sech als Harold Saxon zum Premierminister vun England gemaach an d’Lucy gehiergewäsch an bestued. Dunn huet en déi ganz Welt versklavt, ier en besiegt gouf an am Dokter sengen Ärm gestuerwen ass well en sech geweigert huet sech ze regeneréieren (jiddefalls huet et zu deem Zäitpunkt esou geiwerkt ewéi wann en doud wier).
    D’Rose war dem 9. Dokter an 10. Dokter säin Companion. Hatt huet den Jack onstierwlech gemaach andeems et den TARDIS absorbéiert huet an den Jack erem zum Liewen erwäscht huet. Doropshin huet den Dokter den Jack zeréckgelooss, well en deen fixen Punkt an der Zäit gefaart huet. Den 9. Dokter huet déi Energie aus dem Rose erausgezunn an huet sech dunn missten regeneréieren. D’Rose ass spéider an engem Paralleluniversum festgesat, kënnt awer erem fir dem Dokter ze hëllefen d’Daleks ze besiegen déi sämtlech Universen wëllen vernichten. D’Donna war dem 10. Dokter säi Companion, an huet missen deem säin Verstand absorbéieren fir d’Universum ze retten. Et goufen do dräi Kopien vum Dokter: den original Timelord, eng mënschlech Versioun an d’Donna. Well dem Donna säin menschlecht Gehier dat awer net gepackt huet, huet den Dokter sämtlech Erënnerungen geläscht, an d’Donna dierf en elo net méi gesinn well soss déi Erënnerungen géingen eremkommen. De mënschlechen Dokter ass mam Rose an d’Paralleluniversum zeréckgaangen. De Wilfred ass dem Donna säin Bop, an den leschte Companion vum aktuellen, 10. Dokter. En huet den Dokter awer onofhängeg vum Donna kennengeléiert, ier d’Donna zum Dokter sengem Companion gouf.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *