Fuck off, bankers!

by

Ech hunn grad déi allergäilsten Reklamm am Kino gesinn, déi jemols gedréit gouf. Eleng dofir kéinnt ech mer virstellen, d’nächste Kéier eng Strongbow ze bestellen. Esou gäil!

Tags

14 responses to “Fuck off, bankers!”

  1. denjclaude

    Flott Iddi a cool gemach.

    Ech froen mech just wei een esou eng Reklamm an engem Land ka brengen wat dei Joëren firun der Krise ganz gudd (a quasi just) fun den Banken gelieft huet. Gin awer derfun aus datt d’Produzenten sech eppes derbei geduecht hun an d’Reklamm funktioneiert. Et weist wahrscheinlech drop hin dat dei ökonomesch Realiteit net dei ass dei d’Leit (wellen) gesinn.

  2. Dass Wales quasi just vun de Banken geliewt huet ass mir zwar nei. Et liewt haaptsächlech vun Tourismus an vun der Radio-, Fernseh- a Filmindustrie. Virun der Krise an elo. ;) Déi eenzeg Plaz déi ech am Vereneegten Kinnékräich zanter der Kris gesinn hunn wou sech Banker iwwerhaapt weisen ass um Canary Wharf, an do sinn se praktesch ënnert sech (an esouguer do geet d’BBC hinn an veraarscht se, cf. Top Gear Staffel 13).

    An jo, déi Reklamm funktionéiert, well de ganze Sall huet sech freckt gelaacht. :)

  3. denjclaude

    Wann Groussbritannien misst fum Tourismus an der Ennerhalungsindustrie liewen wier awer neischt mat Trident-Rakeiten a Kolonien dei keng Steieren bezuelen. Ouni den Finanzzentrum London geif ob der Insel ewei ob ganz villen Platz an der westlecher Welt net mei vill laafen. Et ass richteg den Banken un de Problemer d’Schold ze gin. Allerdings stinn d’Fabriken an Asien an d’Rohstoffer sinn am Orient, Australien an Afrika.
    Doduerch dat daat net kritesch hannerfrot gett, mee d’Banken lächerlech gemach ginn leist een den Problem net. Et lenkt een weider derfun of!

  4. Blödsinn, ech sot näischt vu Groussbritannien (wat kee Land ass, mä just de Numm vun der Insel op deem déi dräi Länner England, Schottland a Wales leien). Ech hunn vun Wales (nee, dat ass keen Deel vun England!) geschwat, an dat Land liewt zu engem groussen Deel vun Tourismus an der Ennerhalungsindustrie. Mat der Verteidegungs- an Auslandspolitik vun England hunn mir näischt ze dinn. Mir hunn eist eegent Parlament an eisen eegenen Senat. London ass d’Haaptstad vun England, vun de Banken do huet Cardiff, d’Haaptstad vun Wales, guer näischt.

    Et geet Strongbow jo guer net dorem, dass do elo soll eng gesellschaftskritesch Diskussioun soll gefouert ginn. Déi wëssen eben just, ewéi enorm gehaasst d’Banker sinn (hei vill méi ewéi soss iergendzwousch) an déi schloen dorausser Kapital andeems se eng witzeg Reklamm maachen.

  5. Ech duecht dee 4 Länner Konglomerat wier just fir dass se 4x souvill Chancen am Fussball hunn ;)

  6. Du wars wuel nach ni hei fir iergendeen Sportereegnis. Déi véier Länner kënnen sech op den Doud net ausstoen. Wann England ee Match gewënnt ass dat fir déi aner dräi genausou schlëmm ewéi wann Däitschland géing ee Match gewannen.

  7. @ Thierry
    Et muss e mol net hei am UK sinn. Wann ech kucken wéi d’Englänner géint d’Kroaten verluer haaten an doduerch net op d’EM gaangen sinn, do hunn déi walisesch Fans op Schalke esou geféiert, et hätt e gemengt Wales wäer lo Weltmeeschter ginn.
    A wa Wales am Rugby géint d’Englänner verléiert (wann dat mol rem eng Kéier geschidd) ass dat awer dann och wéi wann d’Englänner en Nationalfeierdag méi hätten. ;)

  8. Jo. :)

    WE DON’T CARE AS LONG AS WE BEAT THE ENGLISH! Shalalalalalala… :D

  9. Oh waard, den nächsten 6 Nations steet scho vrun der Diir zewaarden ;P ^^
    http://www.youtube.com/watch?v=Mh_7bt08sW8

  10. denjclaude

    Eiei, do hat ech mech elo schlecht ausgedrëckt. Ech wees datt Wales a Schottland net England ass. An ech geif deene Länner wënschen dat se esou vill Chance hätten ewei mier zou Lëtzebuerg a se komplett onofhängeg wieren.

    Et ass mer einfach em Tatsach gangen dat vill Leit am Westen net matkritt hun dat mier hei fun den Suen liewen dei d’Banken erschaffen. An datt een daat emol sollt kritesch hannerfroen amplatz d’Banken zur Zielscheif fier d’Öffentlechkeet ze machen et domadder gedoen ass an sech neischt ännert.

  11. @Thierry:

    Ech fannen sou en iwwerdriwwenen Nationalismus kannerech. En plus ass et meeschtens en Zeechen vun Komplexer.

    An och wann d’Englänner den Schotten (oder emgedréint) virun x Joeren Onrecht gedoen hunn, sou wier et un der Zäit fir doriwwer ze stoen …

    Mee bon, Noperen schéngen sech jo oft net leiden ze kënnen. Wuel och well se sech oft méi ähnlech sinn, wéi se sech wëllen agestoen.

  12. Och wann ech Nationalismus net fir richteg halen, esou kann ech en awer bei Wales verstoen. Oder ewéi géings du dech fillen, wann Däitschland Lëtzebuerg nach emmer annexéiert hätt ans du misst däitsch schwätzen? Esou ass et nämlech hei. Wales gouf annexéiert obwuel si eng komplett aner Kultur hunn, an hier eegen Sproch gouf praktesch ausgerott bis op de Punkt wou se an de leschten Joeren eréischt erem ugefaangen hunn Cymraeg ze revaloriséieren. An wann een englesch Telé kuckt, ass Wales emmer dat klengt primitivt Land dat duerch den Dreck gezunn gëtt.

  13. Ech kennen lo d’Geschicht vun den Relatiounen tëschent Wales an England net genau, duerfir kann ech net vill dozou soen. A wann natierlech eng Natioun hier Kultur an Sprooch enger anerer opdrängen wëll sou ass dat natierlech absolut net akzeptabel. Opmanst fir die direkt concernéiert Generatiounen.

    Wat d’Sproochen usech uginn sou wier ech souwiesou fir eng Weltsprooch déi jidereen misst léieren, vun Kand un, a niewent der jeweileger Lokalsprooch. Giff villes méi einfach man.

  14. Dat hei inspiréiert mech awer fir lo mol méi iwwert d’Entstéiung vun GB ze liesen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *