Skip to content

“Kneel before Kal-El!”

Spoiler: Wien bei der néngter Staffel Smallville hannendran ass, bleiwt léiwer ewech vun dësem Post.

Et ass keen Geheimnis, dass ech mech op déi néngt Staffel vu Smallville gefreet hunn. Aacht Staffelen laang sinn ech ganz tapfer dobäi bliwwen, well de Superman zanter menger Kandheet mäin léiwsten Superheld ass. An well ech fest dorun gegleewt hunn, dass déi Serie Potential huet an dat enges Dags och géing entfalen, wann dat nervegt Lana endlech bis fort wier an den Lionel doud. Abee, d’Lana huet sech ewech gemaach, den Lionel gouf vum Lex ermord an den Lex gouf vum Green Arrow erleedegt. Den Jimmy Olsen gouf zu Kollateralschued am Kampf géint den Doomsday, an d’Chloe huet dank sengem Watchtower eng Muecht iwwert Metropolis déi keen Stierwlechen jemols dierft hunn. De Clark huet endlech mam Jor-El sengem Training ugefaangen, dréit just nach schwaarz an probéiert den General Zod ze stoppen.
Kuerz: déi néngt Staffel ass düster. Verdammt düster. Et gesäit een, ewéi den Jor-El an den Zod vun Frënn (de Zod rett dem Jor-El säin Liewen) zu Feinden ginn (den Jor-El weigert sech, dem Zod säin Kand ze retten). Den Zod gëtt vun engem éierbaren Generol zum Zerstéierer vu Krypton, an, befreit vum Tess, grënnt e mat senger Arméi an dem Tess senger Hëllef en neit Kandor. Well se d’Sonn an een rouden Zwerg ähnlech der Rao verwandelt hunn ass den Clark absolut muechtlos. D’Tess gëtt vum Chloe erschoss an stierwt am Oliver sengen Ärm, d’Chloe gëtt vum Alia embruecht an stierwt am Lois sengen Ärm.


Dem Zod säin Tuerm am Zentrum vu New Kandor

De Soundtrack ass ee gudd Stéck méi rau ewéi bis elo. En huet Ukläng vun Industrial Rock, an ennerleet domatter déi méi erwuessen Themen ewéi den freak-of-the-week därer et an den éischten Staffelen esou vill gouf.
Smallville spillt och net méi a Smallville, mä schon längst zu Metropolis. Dass d’Serie net embenannt gouf schéngen d’Auteuren domatter ze rechtfertegen, dass dem Lois säi Spetznumm fir de Clark “Smallville” ass. Mä dat ass eng Mutmaßung mengersäits.
Fazit: wien Smallville opginn hat, well et em ze kanneresch war, deen sollt der Serie nach eng Kéier eng Chance ginn. Well wat Entertainment ugeet, gehéiert déi aktuell Staffel zu deem beklemmendsten wat et derzäit op der Telé ze gesinn gëtt. An dee Mid-Season Cliffhanger. Oh mäi Gott, dee Cliffhanger! Definitiv dat Bombasteschst, dat Smallville bis ewell gewisen huet. Wéini ass Januar?

1 thought on ““Kneel before Kal-El!””

  1. D’Serie heescht wuel och nach Smallville, wéll d’Lois nach am Talon zu Smallville wunnt a wahrscheinlech all Dag 4 Stonnen mam Auto ënnerwee ass, fir op d’Arbecht. Oder och wann ët just kuerz heem kënnt, fir d’Kleeder ze changéiren. Vläit hëllt ët och eng Ofkierzung duerch ë Wurmlach (weess de wou dat Zitat hir ass?).

    Dee Sproch zum Schluss (däin Titel) hun ech alt nawell gudd fonnt, do wor ech richteg iwwerrascht. Iwwerhaapt fannen ech di 9. Staffel net schlecht (dat heescht awer net automatesch gudd). Dat Elend firdrun (gudd, datt së d’Auteuren gewiesselt hun) konnt een séch bal net méi undin. Ech bréngen do ëmmer gär mäi Sproch vum Zuchsakzident, wou ee weess, datt ët fuerchtbar ass, mee een trotzdem muss nokucken.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *