De Willi Wuerzelwupp

Aus purem Zoufall sinn ech grad heiriwwer gestolpert. Do kommen ganz vill Kandheetserënnerungen erem. Ech hunn just dat Gefill, dass mir deemols als Kand guer net bewosst wor, dass de Fausti dat geschwat huet.

An wann elo nach een nostalgesch sollt gi sinn: de Kréckel Néckel kritt een als CD mat Buch fir 18€ am Jangli Shop.

Published on

in

Comments

  1. Ech probéieren grad dem Alison séngem Papagei bäizebréngen ze soen: “Eng Banan soll den Här sech kafen. Eng Banan.”
    (Iwwregens fehlt an déngem Post mengen ech en < firun param name ?)

  2. Haha, de gudden, alen Fausti.

    Ech duecht allerdëngs beim Titel, dat wier en Post iwwert den Harry Potter op Lëtzebuergesch …

  3. Haha. Ech hoffen, dat geléngt der. :)

    Arghs jo, merci. Dat ass de Problem mat Browseren déi sou Feeler ignoréieren, et fällt engem net op wann eppes falsch ass.

    Hihi, den Harry Potter op lëtzebuergesch heescht “Willi Wuerelwupp”. ^^

  4. Den Detektiv Batti Schnoffelnues waar vll méi cool. Virun allem kann ech nach emmer deeler auswänneg.
    (Ech haat de Kréckel Néckel just nie a sinn neidesch.)

  5. MacKeith

    @Joël

    et kommen jo elo gläich Feierdeeg,
    dat wär jo dann eppes fier op deng Wonschlëscht ze setzen, oder? :-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *