De Peter Pachal vun Dvice hëllt déi nei Telé vun Toshiba ënnert d’Lup an seet dat wat ech denken, zanter ech vun 3D Televisiounen héieren hunn, déi, wann et Hollywood no geet, d’nächst Joer sollen esou ee grousse Boom ginn.
There’s been a lot of talk about 3D being the next big thing in TV. Next year most manufacturers are going to debut some kind of 3D set (if they haven’t already), and Hollywood is already producing plenty of 3D content, with more on the way. I’ve seen the demos of 3D video, and most of them are impressive. Some writers are convinced 3D is going to invade our living rooms, like it or not.
They’re wrong. 3D is a bold and interesting experiment, but it’s not going to get traction because it’s not what people want.
3D ass Schrott. 3D war schäiss mat de roud-grénge Brëller, an 3D ass schäiss mat de neien Brëller. 3D wier och op der Telé schäiss. Bis ewell hunn ech nach guer näischt gesinn, wat 3D iergendwéi bei engem Film gerechtfertegt hätt — an dir kënnt meckeren esouvill der wëllt, meng Erwaardungen un Avatar bleiwen null.
De Fernseh vun Toshiba ass zwar total iwwerdeiert, mä emmerhin geet emol eng Firma an déi richteg Richtung. Zanter mer eng PS3 un eis HD Telé ugeschloss hunn an doriwwer net nemmen Content vun alle Computeren am Haus iwwert Wifi streamen, mä och iPlayer an YouTube kucken oder och emol iTunes lafen loossen, weess ech: Konvergenz ass d’Zukunft. Net 3D.
Ech wees net. Wéi ech am Summer am IMAX 3D soutz, war et zwar u sech mega gäil an de Brell ass och besser wéi déi aal rout-gréng Brëller, mee irgendwéi nach emmer vill zeschwéier. Et mierkt een trotzdem de ganzen Zäit dass een e Brëll unhuet an doduerch muss een sech vill méi konzentréieren fir dat Ganzt op sech awierken zeloosen. Long story short: wann sech net nach extrem vill an der Produktioun ännert, gett dat näischt mat 3D.