Ernie testet Windows 7

Ouni elo wëllen ze bashen, ech sinn ganz éierlech emmer erem erstaunt, wat Microsoft als “nei” verkeeft, well dat do benotzen ech um Mac schon zanter ville Joeren. D’Reklamm ass trotzdem genial, an gefällt mer wäitaus besser wéi Apple hier “Hello, I’m a Mac” Kampagn (déi gëtt wierklech esoulues al, Steve!)

Wiem et gefällt, hei ass nach eng Reklamm mam Stromberg sengem verklemmenteste Matarbëschter.

Published on

in

Comments

  1. Ech fannen och, dass die “I’m a Mac” Reklammen aal, an suguer kontraporduktiv (well ze selbstgefälleg), ginn.

    Die do fannen ech zwar och net sou immens … ech fannen den ‘Ernie’ schauspillert hei extrem gezwongen, vill méi wéi an der Serie (déi ech super fannen).

  2. Vläit benotzt den Ernie jo a Wierklechkeet ee Mac, an ass guer net esou iwwerzeegt vu Windows 7 wéi en dat hei muss virmaachen. :) Mir gefällt einfach de Fait, dass Microsoft esou eng Reklamm produzéiert. Si huet einfach vill méi Charme ewéi déi propper a blénkeg Reklammen vun Apple. (Déi sinn zwar oft cool, mä si sinn eben drop ausgeluecht, dass een de Produit “muss” hunn, an hei ass eng mënschlech Dimensioun dran.)

  3. Mech nervt den Elitismus vun Apple och e bëssen … trotzdem fannen ech déi W7 Reklamm hei ëmmer nach e bëssen gezwongen … mee bon, villäicht einfach affaire de goût ;)

  4. Ech sinn hei enger Meenung mam Grommel. Irgenwéi ass dat zimlech schlecht gespillt vum ‘Ernie.’ En plus, fannen ech wéi wann et eng Mac vs. PC Reklamm wäer, jhust dass d’Mac Persoun(en) net am Bild sinn. Ech ginn der awer Recht dass Apple sech sou lues kéinnt eppes Neies afaale loosen waat d’Reklammen betrefft. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *