Fuck off, bankers!
Ech hunn grad déi allergäilsten Reklamm am Kino gesinn, déi jemols gedréit gouf. Eleng dofir kéinnt ech mer virstellen, d’nächste Kéier eng Strongbow ze bestellen. Esou gäil!
Ech hunn grad déi allergäilsten Reklamm am Kino gesinn, déi jemols gedréit gouf. Eleng dofir kéinnt ech mer virstellen, d’nächste Kéier eng Strongbow ze bestellen. Esou gäil!
Spoiler: Wien bei der néngter Staffel Smallville hannendran ass, bleiwt léiwer ewech vun dësem Post.
Et ass keen Geheimnis, dass ech mech op déi néngt Staffel vu Smallville gefreet hunn. Aacht Staffelen laang sinn ech ganz tapfer dobäi bliwwen, well de Superman zanter menger Kandheet mäin léiwsten Superheld ass. An well ech fest dorun gegleewt hunn, dass déi Serie Potential huet an dat enges Dags och géing entfalen, wann dat nervegt Lana endlech bis fort wier an den Lionel doud. Abee, d’Lana huet sech ewech gemaach, den Lionel gouf vum Lex ermord an den Lex gouf vum Green Arrow erleedegt. Den Jimmy Olsen gouf zu Kollateralschued am Kampf géint den Doomsday, an d’Chloe huet dank sengem Watchtower eng Muecht iwwert Metropolis déi keen Stierwlechen jemols dierft hunn. De Clark huet endlech mam Jor-El sengem Training ugefaangen, dréit just nach schwaarz an probéiert den General Zod ze stoppen.
Kuerz: déi néngt Staffel ass düster. Verdammt düster. Et gesäit een, ewéi den Jor-El an den Zod vun Frënn (de Zod rett dem Jor-El säin Liewen) zu Feinden ginn (den Jor-El weigert sech, dem Zod säin Kand ze retten). Den Zod gëtt vun engem éierbaren Generol zum Zerstéierer vu Krypton, an, befreit vum Tess, grënnt e mat senger Arméi an dem Tess senger Hëllef en neit Kandor. Well se d’Sonn an een rouden Zwerg ähnlech der Rao verwandelt hunn ass den Clark absolut muechtlos. D’Tess gëtt vum Chloe erschoss an stierwt am Oliver sengen Ärm, d’Chloe gëtt vum Alia embruecht an stierwt am Lois sengen Ärm.
Dem Zod säin Tuerm am Zentrum vu New Kandor
Shall we talk about dreams?
The lonely snow flakes crashing down
like glass petals onto a concrete floor
where candles have long replaced
the plastic light of neon tubes.
Shall we talk about love?
The forks dividing streams of blood
hammering luridly over the white keys
that stopped playing long before
you and I needed to be tuned.
When I last saw life
it swore it’ll be okay.
When I last saw life
it swore it’ll be alright.
Shall we talk about tears?
The leather strings tied across
both our faces, enveloping
you and me like winter’s threads,
contemplating its own navel.
Shall we talk about chance?
The fractals of misfortune
extending to languorous edges
repeating fate throughout history,
painting us, picturing us long before
you found me and I you.
When I last saw life
it swore love is always okay.
When I last saw life
it swore love will make it alright.
When I last saw life
it lied.
This is quite romantic… Agree!!! // You never get any sympathy from men. // I want to see you naked. // I remember my birthday. Well, I saw videos of it. // I just made a Cornish pastry by accident. // Ah, Pompjeen. Hei ass eng méi lass. Kuck mol eriwwer op d’Héichhaus, ‘t kënnt bestëmmt gläich ee Fliger. // Sniff my balls, Hillary Clinton! // We have a new housemate. I call him ‘less sexy Thierry’. // I want to come over to yours again and play with your Polly Pocket. // Why do you have a picture of my ass? // All this Christmas decoration before Halloween and Bonfire Night makes me depressive. // I’m a very moist man. // Does anyone mind if I take off my clothes in the living room? // My girlfriend is six years old. I tried getting a younger girl, but they’re very expensive. // After you, Sir. Or Miss. Whatever you’re going by at the moment.
Aus purem Zoufall sinn ech grad heiriwwer gestolpert. Do kommen ganz vill Kandheetserënnerungen erem. Ech hunn just dat Gefill, dass mir deemols als Kand guer net bewosst wor, dass de Fausti dat geschwat huet.
An wann elo nach een nostalgesch sollt gi sinn: de Kréckel Néckel kritt een als CD mat Buch fir 18€ am Jangli Shop.
Et ass roueg hei, ech weess. Dat läit engersäits dorunner, dass ech mat aneren Projeten beschäftegt sinn, anerersäits hunn ech einfach keng Loscht ze bloggen. Ech liesen momentan vill a wann ech schreiwen, schreiwen ech op gudden alen Pobeier. Villläicht tippen ech dat iergendwann alles of. Villäicht.
Selwecht Land, aner Valleys. An d’Stad vun de Catapults. (Boah, eng Harry Potter Referenz!)
Den treie Lieser weess, ech sinn ee grousse Fan vum André Mergenthaler, an ginn esou oft et geet op seng Concerten. Dem Mergenthaler seng Musék ass aussergewéinlech, awer net eenzegarteg: wiem seng Musék gefällt, deen dierft och vill Freed um Zoë Keating senge Kompositiounen fannen.