Et ass zwar net Freideg, mä ech posten trotzdem ee Musékvideo. Well ech grad Kristofer Åström (dat gëtt Osströmm ausgeschwat) erop an eroflauschteren. Well ech mech grad esou Seufz… fillen. Well ech grad Schweden esou fuerchtbar vermëssen.
Laut.de nennt dëse schwedesche Kënschtler den “einsamste Wolf unter den Songwritern” an domatter treffen se et genau op de Punkt. Seng Musék ass roueg, verzweifelt, traureg, rosen. Titelen ewéi How Come Your Arms Are Not Around Me, Poor Young Man’s Heart, an Hard To Live oder och A Song For While I’m Away soen schon alles. Kritiker kéinnten dat als pathetesch bezeechnen. Mä déi Kritiker hunn sech wahrscheinlech nach ni esou gefillt. Muenchmol muss een eben dierfen esou sinn. An den Åström fänkt déi Stëmmung an ewéi keen aneren.
Leave a Reply