Schwarz-Gelb

Ech géing elo gären behapten, ech wier schockéiert. Mä et iwwerascht mech guer net, dass Schwarz-Gelb just een aneren Numm vir de selwechte Knascht ass. Dass dat vun de Liberalen punkto Dateschutz an informationell Selbstbestëmmung alles nemmen Geschwafel war fir endlech emol erem eng Kéier un d’Muecht ze kommen, war jo vun Ufank un kloer.

Überfliegt man den gerade geschlossenen schwarz-gelben Koalitionsvertrag, kann der Eindruck entstehen, die FDP habe tatsächlich geschafft, was sie im Wahlkampf versprochen hatte: Antiterrorgesetze und Überwachungsmaßnahmen einzudämmen und den Datenschutz zu verbessern. Doch liest man den Text genauer, verfliegt dieser Eindruck schnell. Streng genommen ändert sich mit der neuen Regierung: gar nichts.

Däitschland géing mer einfach nemmen leed doen, mä leider sinn se jo an der EU an kënnen domatter eis alleguerten d’Liewen versauen. Net, dass iergendeen anere Staat besser wier. Wien wandert mat aus?

Published on

in

Comments

  1. Ech stemmen der zou, an auswanderen as guerkeng sou schlecht Idee, mee wouhin? Ech gesin aktuell keng attraktiv Alternativ, se setzen alleguer am selwegten Boot!

  2. Bhutan? Bahamas?

  3. Bon, warde mer mol oof waat se wirklech maachen. waat ech awer net verstinn ass firwaat d’Unioun den zu Guttenberg ofschiebt. De Mann ass hiere gréisste Star. Deen huet nach vrun engem Joër zwar kee Mensch kannt, ass lo awer e vun de beléiwste Politiker aus ganz Däitschland. An da geet d’Unioun hinn an hellt deen vun der Wirtschaft ewech (déi et em erméiglecht hätt nach min. 1,2 Joër an den Noorichten zesinn) a setzt hien op den Verteidegungsministère. Esou e Mann hätt een dach missten am Wirtschaftsministère haalen an him vielleicht souguer nach de Finanzministère dobäi ginn, fir dass gesuergt ass, dass en déi ganz 4 Joër ka vun sech schwätzen doen. Mee bon, vielleicht ass d’Merkel och dogéint gaang, well soss hier Positioun als Spëtzekandidat bei den nächste Wahlen kéinnt wackelen… :S

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *