Skip to content

Internet

Et ass jo gewosst, dass den Internet zu Lëtzebuerg zu deem Luesten gehéiert wat et op der Welt gëtt. Dass en och absurd deier ass, ass och net nei. Hei gëtt et elo eng Grafik déi genau weist, ewéi technologesch ennerwéckelt Lëtzebuerg am internationale Verglach tatsächlech ass. An dat ass och de Grond, firwat ech weiderhin der Meenung bleiwen: soubal d’Steieren an der EU net méi un dat Land ginn wou eng Firma hiere Sëtz huet, mä un dat Land wou de Produit hiverkaf gëtt, ass Lëtzebuerg gevullt. Well dann gëtt et fir iTunes an all déi aner keen eenzege Grond méi, nach do ze bleiwen.

2 thoughts on “Internet”

  1. Ech kréien héi deelweis 1MB/s. Iwer WLAN. Iwer en USB-Adapter. Ech well guer net wessen, waat geht, wann een sech den Uschloss net mat 5 Leit deelt.

  2. Jo, ech och. Mä et wier hei och guer net méiglech mat enger lueser Geschwindegkeet online ze sinn. Da géing TV on Demand deen all grousse Sender hei gratis ubidd guer net goen. Mä Lëtzebuerg ass jo net bekannt fir Innovatioun an iergendengem Beräich.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *