9
Wann ech éierlech sinn, waren meng Erwaardungen un de Film null. D’Traileren hunn mech net iwwerzeegt, an ech hat och net wierklech eng Ahnung wourem et géing goen. Dass de Film deelweis zu Lëtzebuerg enstanen ass, war och keen Argument, dofir sinn ech net genuch nationalistesch. Abee, de Film ass genial.
An enger postapokalyptescher Welt probéieren e puer Figuren, déi aus Stoff, enger Tirett an e puer mechanesche Géigestänn bestinn, géint Maschinen z’iwwerliewen, déi offensichtlech vun der mëttlerweil zerstéierter Menschheet erschaafen goufen. Et kënnt, ewéi et kommen muss, an den 9 (hier Nummeren hunn se um Réck stoen) erwäscht déi ultimativ Maschinn zum Liewen. Zouginn, déi Prämiss kléngt relativ simpel. An dat ass se och. De Film ass mat 79 Minutten dann och relativ kuerz, an dat ass gudd esou. Et ginn keng Längten, well et ass praktesch riicht duerch Action.