Skip to content

Augustine Report

Vläit sinn ech e bëssen süchteg¹, well bei desem Abschnitt:

Though the committee offered a series of options for future exploration, including attempting to go directly to Mars and going to the moon on the way to Mars, they were clearly most excited about a plan they termed the “Flexible Path.” It would focus on humans flying around space farther from Earth but without landing on Mars or the moon.

… war mäin éischten Gedanken: Antares! An iwwerhaapt, firwat gëtt keng International Space Organization gegrënnt? Wann een Land aleng offensichtlech déi enorm Käschten net droen kann. (Utopie, ech weess. Mä beim CERN klappt dat jo och.)

¹ Zoe and Maddux FTW!

10 thoughts on “Augustine Report”

  1. Zumols elo wou d’Zoe an de Maddux wëssen, dass se dee selwechten Dram hunn an ergendeppes faul ass. Aaaah. Ech wëll wëssen, wat do lass ass!

  2. Lo sinn ech bëssen erstaunt … ech hat op aneren Siten gelies, déi Serie giff sucken … obwuel ech den Kader interessant fannen. Dann lueden ech mer se awer lo mol rof. Gët jo lo Hierscht ;)

  3. Hu mer lo die zwou eischt Episoden eragezunn … hm, bëssen soapy an cheesy fir mäin Goût bis elo … mee d’Mysteryelement hällt mëch momentan nach ;) An natierlech de Fait, dass et op engem 2001-like Raumschëff spillt ;)

  4. Also mir ass et schäissegal, wat aner Leit doriwwer soen. :) Et gouf jo un d’Networks verkaf als “Grey’s Anatomy in Space”. Jo, do ass eng Liebesgeschicht. Jo, déi Liebesgeschicht ass een Haaptmotiv. Mä wat mech eigentlech um Ball hällt (mol ofgesinn dovunner dass d’Zoe sou léiw ass :D) ass d’Fro, wat der Däiwel déi komesch Liewensform (oder wat och emmer) dat ass, déi esou eng Kontroll iwwert alles huet. An wann een gudd oppasst, sinn esou krass vill Saachen dobäi wou se sech wierklech Méi ginn hunn op Detailer opzepassen (eenzel Sätz an Dialogen (si erwähnen z.B. eng Kéier ganz kuerz, wat aus dem Great Barrier Reef gouf), Kleeder, Reklammen am Hannergrond (ech wëll een G.!), Gedrénks, bestëmmte Wierder déi se benotzen) ewéi d’Liewen kéinnt an 40 Joer ausgesinn – an dat fannen ech definitiv cool.

  5. Jo, ok, mee d’Verhalen vun den Astronauten am Flashback fannen ech awer oft lächerlech. Wéi wahrscheinlech ass et dass grad Astronauten sou Sëffer sinn a permanent a Stripbaren ronderem hänken (wou dann och nach eng vun den Astronautinnen selwer ufänkt mat strippen!) ? Och dee ganzen Fokus op Sex fannech e bëssen kannerech a penibel, mee bon, ass jo villäicht och éischter als Teenie-Serie geduecht.

    Mee bon, op der anerer Säit ginn et jo am realen Liewen dann Geschichten wéi die hei: http://www.associatedcontent.com/article/171164/nasa_fires_astronaut_in_love_triangle.html?cat=17

  6. Ok, I’m hooked … despite all the flaws!

    D’Serie schéngt och vun Episode zu Episode besser ze ginn. Sinn lo op die 8. gespaant …

  7. Esou Sëffer sinn se jo net. Si ginn eben no der Arbëscht een drénken. An wann een bedenkt, dass déi sechs Joer komplett eleng an enger Sardinenbéchs sëtzen, ass dat guer net esou schlecht wann se schon virdrunner Frënn an net nemmen Arbëchtskolleegen sinn. Déi eenzeg Kéier wou se méi drénken ass just well d’Zoe eben en Zesummenbroch huet. An dat mam Strippen – naja, wéivill Leit géingen dann do net matmaachen bei där Wett? Et gëtt eben eng Zäit fir serieux ze sinn, an eng Zäit fir Frënnschaften ze schléissen. :)

  8. Also die rezenst (8.) Episode woer bis elo déi Bescht! Bal nëmmen SciFi, wéineg Soap. An de Schluss! De Schluss!! Vive déi 9. Episode … :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *