Ech hunn mech grad gefrot, wéivill Leit an eisem erzkathouleschen (hey, wien huet dann d’CSV gewielt?!) Land wuel d’korrekt Änwert heiropper wëssen:
Wéivill Geboter ginn et?
Sidd éierlech a googelt net. Soss gidd der vum Zeus mam Blëtz erschloen.
Ech hunn mech grad gefrot, wéivill Leit an eisem erzkathouleschen (hey, wien huet dann d’CSV gewielt?!) Land wuel d’korrekt Änwert heiropper wëssen:
Wéivill Geboter ginn et?
Sidd éierlech a googelt net. Soss gidd der vum Zeus mam Blëtz erschloen.
Ech duecht ëmmer, de Moses hätt Gott domols op 10 erof gehandelt kruut? Waren ët der ursprünglech awer méi?
Et ginn der TONNEN.
Die 10 üblech, wouvunn déi éischt 3 Ego-Problemer vun Gott concernéieren, sinn just eng Zort Résumé.
well een csv just wielt wann een erzkathoulesch ass ? oder well een wann een erzkathoulesch ass just csv wielt ?
bis op dei üblech 10 hun ech keng ahnung fun den geboter an et geet mer och um arsch lanscht.
wann ech een politiker an der csv gutt fannen wielen ech en trotzdem.
dei dauernd pauschaliseierungen fannen ech nemmi extrem witzeg muss ech soen. hei am land ass net alles perfekt sou wei iwerall, d’belsch politik ass nach mei lachhaft an die aner staaten sin och net besser ech soen nemmen berlusconi.
an d’relioun fum modernen mensch ass d’wessenschaft an nemmi d kierch t’ass richteg dass lues a lues jiddereen dat mol misst verstoen an d kierch en weideren hobby gett an net nach emmer sou iwerall matmescht.
wat lusteg ass ass dass de grad dengen lieser scheinbar ennerstells erzkathoulesch ze sin :P wees net op een iwer 50 hei matliest ?
Ech hunn déi QI Episod och gesinn. Et si mindestens 14, awer éischter iwwer 400. Kënnt drop u wéi een zielt.
:-)
Et gin döi brühten 10 aus der Bibel an dann dat 11…
:-)
Grommel: Jo. Du an de Chris sidd am Nohsten drun.
Serge: Déi Diskussioun ass mer een eegenen Artikel wert. Kënnt nach dës Woch. :)
Chris: If there is a god, he’s probably called Stephen Fry. ;)
Joël: Merci. Ech hat gehofft et géing een 10 soen. :)
Aaaalso:
Et ginn der 613. D’Juden erkennen déi all un, a nennen se Taryag Mitzvot.
Mä natirlech ass et net esou einfach. Am Exodus sinn et der 14 an am Deuteronomium dann op eemol 15. Et steet awer all Kéiers dobäi, dass et der 10 sinn. (Zielen konnten se deemols wahrscheinlech nach net.) Dat féiert natirlech zu Probleemer: iergendwéi muss déi Lëscht agedeelt ginn. An dat mécht all Glaawen anescht. Fir d’Anglikaner zum Beispill ass “I am the Lord your God” keen Gebot, mä just d’Firwuert. Fir d’Juden ass dat ee Gebot fir sech. Fir d’Orthodox gëtt et mat “You shall have no other gods before me” zesummengeluecht, an fir d’Katholiken gëtt et och nach mat “You shall not make for yourself an idol” zesummengesat. Hoërgenau dee selwechten Text, an véier verschidden Versiounen.
D’Bibel kennt iwwregens och zwou Plazen wou de Moses soll déi “10” Geboter kritt hunn: am Exodus ass et de Bierg Sinai an am Deuteronomium ass et de Bierg Horeb.
Bei esou Saachen froen ech mech emmer, wéi nach iergendeen Mënsch kann behaapten, en hätt déi absolut Wourecht.
Du wäers dach net ufänken d’Bibel ze liesen ;)
Kann der eng ganz Rëtsch Bicher (kritescher natierlech) zum Thema recommandéieren …
hehe freen mech :D
Grommel:
Ech hat dëst Joer een Cours iwwert Mythologie op der Uni. An do stoung bal een ganzt Semester d’Bibel um Programm. Wat virun allem cool war, well ech elo mol gesinn hunn wou alleguerten déi Ideen iwwerhaapt hierkommen (d’Bibel huet praktesch keng eng original Geschicht). Gelies hat ech se zwar souwisou schon, dofir sinn ech jo sou géint Relioun. Wéi sot meng Philosproff am Lycée emmer sou schéin: d’Atheisten sinn déi Leit, déi d’Bibel och tatsächlech gelies hunn. :)
A Recht hat se!