Ech mengen et gëtt Zäit, dass ech mech mengen sëllegen Kolleegen vun der Uni uschléissen, an och emol een Artikel schreiwen wat gerad esou leeft bezüglech dem Recht vu mengem Liewen. Fänken mer vir un: ech hunn eng falsch Décisioun getraff. Déi falsch Décisioun war, net op Oxford ze goen, fir Publizistik ze studéieren. Well ech zanter Wochen just eppes sécher weess: ech wëll Publizistik studéieren. An de sécherste Wee dohinner ass fir mech fir 2010 unzemellen. Dat léist mer ee Joer wou ech guer net weess, wat ech soll maachen. Déi Entscheedung net op Oxford ze goen huet sech zwar virun e puer Méint richteg ugefillt, well ech onbedengt wollt zu Cardiff bleiwen. Ech war nach emmer ee Mënsch, deen net gären fort geet, an nodeems ech an zwou Primärschoulen war an dräimol de Lycée gewiesselt hunn, hunn ech einfach d’Flemm domatter ni méi laang ewéi zwee Joer op der selwechter Plaz ze sinn. A meng Alternativ zu Oxford war… Translation Studies zu Cardiff.
Respektiv ass et am Moment och nach. Wéi dat awer esou op briteschen Unien ass, brauch een zwou Referenzen – an do fänkt d’Saach u spannend ze ginn. Zwar hunn ech zwee Proffen, déi mer soten si géingen mer esou eng schreiwen, mä gemaach hunn se dat bis ewell nach emmer net. Eng Deadline gëtt et fir de Master net, mä eng Woch firdrunner umellen ass dann awer natirlech ze spéit. Während ech also op déi Referenzen waarden, kucken ech mer zanter Wochen un, wat et esou un Alternativen géif. Do gëtt et natirlech d’Uni Lëtzebuerg, wou ech schon eemol war, an de Master an der Luxemburgsitik kléngt nawell och ganz intressant. Dann gëtt et zu Auckland a Neuseeland eng gudd Uni, wou een och kann Creative Writing studéieren. Dat ass awer als Net-Neuseelänner bal net ze bezuelen. Ech hunn mer alles ugekuckt: Wien (déi hunn nach Magister), Cambridge (nujee), an esouguer d’Uni Reykjavík. Esou lues ginn mer einfach d’Ideen aus. A mengem Lieblingsland Schweden ginn et bal keng humanwëssenschaftlech Coursen op Englesch, a keng déi mech intresséieren. Ech hunn mech duerch Säiten a Säiten u Prospekter gelies iwwert Work & Travel, mä fir esou eppes brauch ee natirlech och e bëssen Startkapital. Jo, ech hunn mech esou guer informéiert iwwert TEFL, drop bruecht vun engem Kolleeg deen elo een Joer a Südkorea genau dat maachen geet – mee dat sinn alles Länner, wou ech net wëll hinn. EF ass flott, konzentréiert sech awer blöderweis op Sproochen déi ech längst kann, an och wann ech domatter kéinnt ee Joer op Montréal oder San Francisco wier dat um Enn nemmen Beschäftegung a géing mech net weiderbréngen.
wolls de net mol eng keier leieren piano ze spillen ? wier den perfekten zeitpunkt well eent ass secher: den ganzen daag schwarz gesin an sech iwerleen wat aus engem gett dat ass an där hinsicht eischter kontraproduktiv well et net helleft an een net all sekonn kann eppes fier seng zukunft maan.
an jo ech schwetzen grad aus erfahrung :P ech sutz jo do world of warcraft ze spillen (=den ganzen daag op den bildschierm starren) hun lo opgehaal an ugefang endlech seriö e-bass ze leieren, an et mecht verdammt fill spass an et fillt een sech net sou eidel….
Net ze wëssen wat een wëll, an domadder onzefridden ze sinn, ass en effet extrem desagreabel … Näischt ze dinn ze hunn ass fuerchtbar … All Mënsch brauch eng Beschäftegung, soss gët en effet mierf …
Mee du bass dach un villem interesséiert? Do misst sech dach eppes fannen loossen. Mell dech fir irgendeppes un, wous de dann regelméisseg muss hinnergoen (oder vill Suen duerch d’Päiff sinn), oder engagéier déch irgendwou fräiwëlleg (zwa bëssen schwiereg hei zu Lux), schräiw dech bei der OpenUniversity an, oder oder oder … ?
Du mudd halt nees eng Motivatioun fannen fir eppes ze MAACHEN, ze crééieren … dat ass nach ëmmer dat, wat am meeschten zefridden mëcht. Ass natierlech net liicht ze fannen.
Mee duerfir: sichen an d’Aan ophalen. An net zevill virun der Tele leien ;)
Bonne Chance op alle Fall :)
léier PHP+MySQL / erweider deng Kenntnisser an zéi eisen blogroll.lu op wéi mer dat engkéier geplangt haten ;)
Eppes mat engem Veräin unzefänken, ass eng gudd Iddi. Do huet ee just an der Summervakanz de Problem, datt do och näischt leeft.
Jo, virun éiwegen Zäiten emol eng Kéier wollt ech en effet Piano léieren… Hm… Et wier vläit eng Idee.
Ech sinn jo schon fräiwelleg engagéiert wou ech all Woch muss hin. De Radio Ara ass Benevolat. :) Eppes wou vill d’Suen duerch d’Päif ginn wëll ech net, ech hunn elo just schon genuch Schold um Bockel dann muss ech net nach alles zur Fënster erausgeheien goen wat ech hunn. ;)
Ech hunn schon zanter Joere keng Télé méi gekuckt. Mee wahrscheinlech zielt DVD um Laptop fir dat selwecht… :D
PHP kann ech… Jo, mee dann sëtzen ech jo trotzdem erem de ganzen Dag virum Computer. Ech wëll eppes anescht maachen. ;)
Ech ginn ni méi a mengem Liewen an ee Veräin. Ech hunn do vill ze schlecht Erfahrungen gemaach. Ech sichen mer déi Leit, mat deenen ech mech ophalen, op individueller Basis eraus. Mat lauter Toperten an engem Veräin ze hänken just well déi zoufällegerweis och gären wanderen ginn oder Keelen spillen – nee, merci.
Amfong geet et mer am Moment iergendwéi gudd. Déi zwee lescht Owender waren megacool. An an e puer Deeg sinn ech endlech erem eraus aus Lëtzebuerg. (Ech mengen dat ass wierklech mäi gréisste Problem. Ech sinn einfach wahnsinneg onglécklech hei. Do hëlleft och Beschäftegung net vill, well déi huet schon all déi Joeren virdrunner näischt bruecht wou ech am Lycée hei versauert sinn.)
Eine Tasse Kaffee mit Onkel Joël?
Kléngt gudd. :)
Dat Gefill net kreativ kënnen ze sinn ass schrecklech. Et ass Famill mat der Langweil. A grad wann een u villem interesséiert ass, da kann et och ëmsou méi schwéier si sech fir eppes ze décidéieren.
Piano ass e wonnerbaart Instrument, sou wéi Cello. E-Bass och *nostalgesch Gefiller*.
Wie wäre es Mittwoch hier in Echternach?
> A grad wann een u villem interesséiert ass, da kann et och ëmsou méi schwéier si sech fir eppes ze décidéieren.
Gutt gesot!