Children of Earth [Spoiler]

by

Ouni jeglechen Zweifel dat Intensivst, Emotionalst, Schockéirendst, Maträissendst wat ech jemols op der Télé gesinn hunn. Wien mengt, en hätt schon alles un Düsterem gesinn, dat een Dréibuchauteur sech jemols hätt kéinnten ausdenken: den Russell T. Davies iwwertrëfft alles. Do kritt een Tréinen an d’Aan, esou een onheemlech hoffnunglost Bild wéi engem do vun der Mënschheet gewisen gëtt. An no fënnef Stonnen gëtt et och keen Happy End. Nee, den Davies zidd ee radikalen Schlußstrëch a mécht defintiv kloër: et ass alles eriwwer. Ech kann et guer net erwaarden, mer d’nächste Freideg d’DVD ze kafen a mer se vum Cast ennerschreiwen ze loossen. Esou muss Télé sinn: gudd geschriwwen, gudd gespillt, gudd Regie. Esou muss Télé sinn: dass een nom Ofspaann mol nach ee Moment brauch, fir sech erem gefaasst ze kréien.

Tags

3 responses to “Children of Earth [Spoiler]”

  1. Ech muss wirklech soen, dat dote war ganz grousse Kino, ganz graffe Pater. Tréinen hat ech zwar kéng, mee Torchwood huet zënter sénger éischter Staffel ë risegen Sprong gemaat. Dat dote war wirklech ergräifend. Ech froe méch zwar och, wéi a mat wiem ët lo soll weider goen.

  2. Den Davies sot jo, en hätt déi 4. Staffel schon geplangt. Et léich elo just un der BBC ze décidéieren, op se nach eng Staffel wëllen. Mee ech mengen, no deem Succès loossen d’Serie elo wuel kaum falen. (Woubäi een dat bei der BBC amfong ni weess, After you’ve gone hunn se och falen gelooss, *nodeems* se schon eng véiert Staffel geuerdert haten an déi schon a Produktioun war.)

    Ech sinn just traureg, dass se de Ianto gekillt hunn. Elo wou en endlech méi ze dinn hat ewéi Kaffi sichen ze goen. Ianto fort, Owen fort. Wann se elo nach de Rhys killen, ginn ech richteg sauer.

  3. Hu grad die éischt Episode vun dëser Staffel gesinn (virdrun nach nie Torchwood gekuckt): Wow! Exzellent. An lo die nächst …

    We are coming.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *